En Dënschdeg de Moie war d'Tripartite Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Et gëtt héich Zäit, déi kleng a mëttelgrouss Paien, bis wäit an de Mëttelstand eran, steierlech z'entlaaschten. Dat sot den Dan Kersch en Dënschdeg de Moien. Den LSAP-Deputéierten a fréieren Vize-Premier war eisen Invité vun der Redaktioun. Ob dat iwwer Steierkreditter oder iwwert eng Upassung vun der Steiertabell un d'Inflatioun geschitt, wier egal. Och wann him eng Upassung léiwer wier. Ob alle Fall, misst elo eppes geschéien.

De Sozialist ass och iwwerzeegt dovun, dass een d'DP nach ëmgestëmmt kritt, fir mat op de Wee vun enger struktureller Entlaaschtung ze goen. Bis viru kuerzem hätt ee vun der DP héieren, dass dat "Harakiri" wier, fir d'Finanzministesch ze zitéieren, mee d‘Yuriko Backes hätt um Dënschdeg och an engem Interview am Quotidien gesot, dass si bereet wier iwwer alles ze diskutéieren. Et wär also Beweegung an den Dossier erakomm an dorunner wier d'LSAP net ganz onschëlleg, seet den Invité.

Staatsschold keen Argument fir net z'entlaaschten

D'Argument, dass d'Staatsschold scho bei 24 Prozent wier an een dowéinst net weider Sue wéilt an de Grapp huelen, fir déi néideg sozial Investissementer ze maachen, léisst den Dan Kersch net gëllen. Et wier een nach wäit vun der faméiser 30 Prozent-Grenz ewech, déi ee sech selwer gesat hätt. Dobäi huet de Politiker och de Luc Frieden kritiséiert, dee sech als gréisste Finanz-Genie duergestallt hätt, dee jeemools zu Lëtzebuerg Finanz-Politik gemaach huet. Den CSV-Spëtzekandidat hätt deemools selwer e Staatsbudget presentéiert, mat 25 Prozent Verschëldung.

Entlaaschtunge bis 135.000 Euro Joressalaire

Bis wéi wäit an de Mëttelstand soll entlaascht ginn? D'LSAP hätt scho konkret Zuele genannt. An zwar Entlaaschtunge bis zu enger Jorespai vun 135.000 Euro. Donieft bräicht et och e méi héijen Spëtzesteiersaz. Sou géif ee Sozialpolitik maachen. Iwwert Steieren, net iwwert den Index, ënnersträicht de Sozialist.

Invité vun der Redaktioun: Dan Kersch

De DP-Fraktiounschef Gilles Baum hutt no der Sendung op Twitter reagéiert a geschriwwen, dass d'DP nach ëmmer fir Entlaaschtunge gewiescht wier. Elo wier de Sputt dofir och do an et géing een u konkrete Mesurë schaffen. Et dierft een net d'Zukunft vun den nächste Generatiounen hypothekéieren. Et géif schliisslech och eng Zäit no de Walen.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.