En Donneschdeg de Moie waren d'Fuerderunge vun der ADR Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

E Freideg geet d'Regierung mat de Gewerkschaften an dem Patronat an d'Tripartite, d'ADR fuerdert an dem Kontext och eng Upassung vun der Steiertabell un d'Inflatioun. Ma donieft wiere Steierkreditter fir kleng Revenuen néideg, sou de Michel Lemaire en Donneschdeg de Moien. De President vun der ADR Norden war eisen Invité vun der Redaktioun.

D'ADR hat zejoert kritiséiert, et dierft ee sech net weider verschëlden an et misst een ufänken, seng Schold zeréckzebezuelen. Eng strukturell Upassung vum Steierbarème géing allerdéngs all Joer e puer honnert Milliounen Euro kaschten. Fir de Michel Lemaire ass dat awer kee Widdersproch. D'Regierung géing immens vill Suen zur Fënster erausgeheien, do wieren dës Zommen, fir de soziale Fridden ze sécheren, an engem responsabele Mooss.

Elengerzéiend Elteren entlaaschten

An der ganzer Diskussioun géing awer de ganze sozialen Aspekt verluer goen. Hei am Land géingen 130.000 Leit ënnert oder un der Aarmutsgrenz liewen. Speziell fir déi Elengerzéiend wier et schwéier. 50% vun de Monoparentauxe géifen un oder ënnert der Aarmutsgrenz liewen. Hinnen ze hëllefen, wier duerchaus ze finanzéieren. De Staat géif vill Sue fir vill manner Wichteges ausginn, sou den Invité. De Michel Lemaire mengt och, datt d'Tripartite elo géif genotzt ginn, fir sech politesch en vue vun de Walen ze positionéieren. Et wier een "Kräftemiessen" vun de Koalitiounsparteien.

Wat ass de Mëttelstand?

Op d'Fro, wéi d'ADR de Mëttelstand chiffréiert, wollt den Invité keng kloer Äntwert ginn. Et misst een dat fir d'éischt am Walprogramm ausschaffen. Wat kloer wier, wier, dass de Mëttelstand ëmmer méi géing verschwannen an dofir géing een net derlaanscht kommen, déi ganz Wuesstemsproblematik ze thematiséieren. De Wuesstemsmodell zu Lëtzebuerg géif nämlech nëmmen de Räichen zegutt kommen, déi ëmmer méi räich ginn an déi Aarm géingen ëmmer méi aarm ginn.

Eng besser Gesondheetsversuergung fir d'Éislek

Eng Maternité, déi um absolutte Limitt schafft, keng pediatresch Urgence, stonnelaang Waardezäiten an den Urgencen, net genuch Better: d'Ettelbrécker Spidol wier um Limitt an d'Regierung géing op Ofbau an Zentraliséierung setzen, kritiséiert de President vun der ADR Norden. Fir d'Gesondheetsversuergung am Norde besser opzestellen, bräicht et awer virop mol Personal. Dofir fuerdert d‘ADR, dass de Medezinstudium integral soll zu Lëtzebuerg méiglech gemaach ginn. Donieft bräicht et och endlech een Unispidol hei am Land an méi Gesondheetszentren an de ländleche Géigenden.

Invité vun der Redaktion: Michel Lemaire

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.