E Méindeg de Moie war den Diddelenger Député-Maire a Co-President vun der LSAP eisen "Invité vun der Redaktioun".

Et ass e gudden Accord. D'Tripartite huet gewisen, dass se fonctionéiert. An "à ce stade" ass d'LSAP domadder zefridden. Dat sot den Dan Biancalana de Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.  Et ass een equilibréierte Pak, deen d'Kafkraaft vun de Leit stäerkt, deen den Entreprisen hëlleft an d'Stéit entlaascht, esou den LSAP-Co-Parteipresident an Diddelenger Deputé-Maire.

Wat et konkret fir d'Leit heescht, dass se ëm 2,5 Indextranchen vum 1. Januar 2024 un entlaascht ginn, dat misst elo nach am Detail gekuckt ginn. D'Texter wieren nach net fäerdeg. D'Leit géingen awer op alle Fall 2024 manner Steiere bezuelen.

Steierreform muss kommen

Den Accord wier jo elo méi weit gaangen, wéi initial an der Koalitioun geplangt gi war, mee wat fir d'Sozialiste wichteg wier, wier eng Steierreform ëmzesetzen, sou wéi se 2018 am Koalitiounsaccord virgesi gouf. D'LSAP hätt 18 konkret Propose gemaach, ënner anerem, fir d'Kapital méi an d'Aarbecht manner ze besteieren. Dat wier d'Zil fir eng nächst Regierung.

Läit een do op enger Linn mat enger DP? Dozou sot den Dan Biancalana, dass d‘Tripartite gewisen hätt, dass et geet. D‘LSAP wier Dialog-bereet gewiescht an an dem Sënn soll een weider schaffen.

Den Diddelenger Deputé-Maire wollt iwwerdeems net verroden, wien elo am Süden als Spëtzekandidaten-Duo fir d'LSAP mat an d'Wale geet. Jean Asselborn an Taina Bofferding? Oder Georges Engel mam Francine Closener? Et hätt ee vill gutt Kandidaten, méi wollt den LSAP-Co-Parteipresident dozou net soen. E Samschdeg ass iwwerdeem Landeskongress vun de Sozialiste mam Schwéierpunkt Gemengewalen. Et hätt ee schonn 22 Lëschten erausbruecht an et hätt ee jo och nach e puer Wochen Zäit, fir sech nach weider opzestellen, sou den Invité.

Invité vun der Redaktioun: Dan Biancalana

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.