En Dënschdeg de Moie war den Enkpass bei gewësse Medikamenter de Sujet an eiser Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Et ass eng Situatioun, déi ech nach net erlieft hunn. Enkpäss bei Medikamenter wieren zwar net nei, mee de Problem hätt sech déi lescht Méint enorm verstäerkt. Nei wier och, datt et Medikamenter vum alldeegleche Gebrauch sinn, déi feelen. Zum Beispill Houschtsirop, Antibiotiquë fir Kanner oder Medikamenter géint de Bluttdrock oder den Zocker. An et hätt een och kaum Alternativen. Dat sot den Alain de Bourcy den Dënschdeg de Moien am RTL-Interview. Hien ass de President vum Apdikter-Syndikat.

Et hätt een deels näischt, fir de Leit ze ginn. Hien hätt ni geduecht, datt esou eng Situatioun géing kommen. Et wär gutt, datt elo d'Fréijoer kënnt. Wa sech d'Situatioun weider verschlëmmert, misst d'Politik intervenéieren, och op europäeschem Niveau an Drock maachen op d'Pharmaindustrie.

Derbäi kënnt och, datt et nëmmen e puer Fabricke ginn, déi d'Medezin produzéieren. An dat och nach a Länner wéi China zum Beispill, wou et séier zu politesche Spannungen an doduerch zu Liwwerstoppe kéint kommen. Et misst een dowéinst méi no produzéieren an esou, datt et ze bezuelen ass. Hei wier d'EU-Kommissioun gefuerdert.

Eng negativ Ofhängegkeet vun der Belsch gesäit den Alain de Bourcy vum Apdikter-Syndikat net. 85% vun de Medikamenter kritt Lëtzebuerg aus der Belsch. Dës Kooperatioun hätt ëmmer gutt funktionéiert.

Wat Zuel vun den Apdikten ugeet – aktuell hu mer der 98 - do géif ee sech net verschléissen, dem Wuesstem vun der Populatioun Rechnung ze droen. Dat géif awer net heeschen, alles liberaliséieren. Medikamenter sollte weider an Apdikten verkaaft ginn. Dat wier am Interessi vun der allgemenger Gesondheet.

Invité vun der Redaktioun: Alain de Bourcy

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.