En Donneschdeg de Moie war ënnert anerem den Tripartitesaccord an den Indexsystem Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Käschtepunkt gëtt op 60 Millioune pro Mount berechent, deen d'Betriber elo also net mussen iwwerhuelen, doduerch, dass an der Tripartite festgehale gouf, dass de Staat eng drëtt Indextranche, déi am Hierscht kéint erfalen, e puer Méint laang soll iwwerhuelen. Dat sot de René Winkin en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Den Direkter vun der Industrie-Federatioun Fedil huet d'Wichtegkeet vun deem Accord ervirgestrach.
D'Betriber kréie jo och gehollef bei den Energiekäschten. Do géif et awer ganz selektiv Krittäre ginn. Eng Selektivitéit, déi op anere Plaze vläicht géing feelen, géing hei applizéiert ginn. Zum Beispill, dass e Betrib eng gewëssen Energie-Intensitéit soll hunn. Do wieren awer och entretemps Verbesserunge gemaach ginn, sou de René Winkin. 16 Milliounen Euro hätt dat 2022 kascht, well vill Betriber net dovunner konnte profitéieren. Fir dëst Joer gëtt awer mat méi engem héije Käschtepunkt gerechent, well d'Betriber déi héich Präisser elo ze spiere kréichen.
Vill Industrie-Betriber gi gequëtscht
Et gëtt eng Rëtsch Industrie-Betriber, déi den Ament relativ gequëtscht sinn, seet den Direkter vun der Fedil. Haaptsächlech där, déi méi staark vum internationalen Export oder Import ofhänken. Si wieren net onbedéngt schonn an de Laberenten, mä hir Ëmsaz-Chiffere géifen net super ausgesinn.
No der Annonce dës Woch, dass Dupont-Teijin Films zwou Produktiounslinnen hei am Land zoumécht, gëtt den Invité och ze bedenken, dass nieft dem Fakt, dass d'Entreprise zwar sot, dass ee Fournisseur hir Matière première net méi liwwert, indirekt och aner Grënn eng Roll spillen. Notamment déi héich Energiekäschten an de Fait, dass d'Industrie vun der europäescher Photovoltaik, wou si Zouliwwerer waren, net méi sou floréiert wéi soss. Et wieren och Elementer, wéi d'Zukunft vun der europäescher Industriepolitik an d'Kompetitivitéit vun der EU, déi hei géinge mat eraspillen.
Europa muss Gas ginn a punkto Industriepolitik
Virun e puer Joer wier den europäesche Green Deal geschaaft ginn, fir ënner anerem géint de Klimawandel virzegoen an d'EU hätt wuel gemengt, dass dat ee Selbstleefer wier. D'USA hätten elo selwer agesinn, dass et eng Klimapolitik bräicht an d'Chinesen och. Just, dass an den USA gläichzäiteg eng Industriepolitik geschaaft gouf. Se hätten d'Chance fir d'Opportunitéiten, déi dat mat sech bréngt (d'Batterien-Industrie, Hyrogène, Elektrolyseuren, erneierbar Energien, Wand, Photovoltaik), fir d'Retombéeën dovunner bei sech ze hunn. Si hätte sech déi néideg Capacitéite ginn, fir och d'Prozeduren ze hunn an domadder den Accès bei d'Kapital. Déi 2 grouss Acteuren (USA a China) géinge versichen déi ganz Technologië bei sech opzebauen. An do wär Europa wäit hannendrun – 3 Joer nom Green Deal wéilt een elo eréischt eng Industriepolitik schafen.
"Mir lafen hannendrun. Dat kann eng Menace fir Europa ginn." Lëtzebuerg wäert do och net verschount bleiwen, sou de René Winkin. Et wier iwwerdeems héich Zäit, dass Europa konkret Pläng ëmsetzt, fir d'Industrie ze stäerken. D'Fro wier, ob iwwerhaapt Moyenen do wieren. Amplaz, dass sech 2 Deputéiert an der Chamber streiden (Myriam Cecchetti an Dan Kersch), wier et gutt, wann een och mol Leit hätt, déi sech géingen driwwer streiden, fir handfest Industriepolitik fir Lëtzebuerg zu Bréissel ze maachen, sou den Direkter vun der FEDIL.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.