E Freideg de Moie war d'Upassung un de Steierbarème Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Mesurë vun der Tripartite wieren eng "reaktiv Soldiaritéitspolitik", mee fir eppes géint d'Aarmut ze maachen, bréicht ee "proaktiv Mesuren". Dat huet d'Presidentin vun der Entente des Offices sociaux, d'Ginette Jones e Freideg de Moien hei op RTL deklaréiert. Si huet zwar begréisst, datt d'Mesurë fir finanziell méi schwaach Stéit, ewéi zum Beispill d'Prime energie bis Enn 2024 verlängert solle ginn. D'Ginette Jones huet awer ze bedenke ginn, datt déi Mesuren net duerginn. Och mat der deelweiser Upassung vun de Steierbarèmen un d'Inflatioun kéinte Clientë vun den Offices-sociauxen zwar beispillsweis 200 Euro d'Joer bäikréien, mee wann de Loyer 200 Euro eropgeet, da wier dat eng "Nullrechnung".

Eng proaktiv Politik wier also néideg. Notamment am Logement an um Aarbechtsmaart. "D’Leit si jo net aarm, well se domm sinn", esou d'Ginette Jones. Se wieren aarm, well se kleng Renten hunn, well se keng Aarbecht hunn oder just Deelzäit schaffen, oder awer och, wa se a gewëssene Beräicher aktiv sinn ewéi den Horeca- oder de Botzsecteur. Dat well, wéi gesot, d'Logementspräisser héich sinn. Ënner proaktiver Politik mengt d'Presidentin vun der Entente vun den Offices sociaux méi ewéi Steierkreditter. Et géing drëm goen, de Leit d'Méiglechkeet ze ginn ze schaffen, sech eng eege Wunneng kënnen ze leeschten oder nach sech weiderzebilden.

Donieft wier eng Steierreform néideg, déi zu engem liichten an transparente Steiersystem géing féieren. Well d'Steiere géingen an hiren Aen ëmmer méi "technokratesch" an onverständlech fir d'Leit ginn. D'Ginette Jones erwaart sech vun de Parteien, datt si sech virun de Wale kloer zu deenen Theme positionéieren.

Invité vun der Redaktioun: Ginette Jones

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.