Konkurrenz op der DP-Lescht tëscht him, der Lydie Polfer oder och der Ministesch Corinne Cahen géif et net ginn. Jidderee géif un engem Strang zéien.

Ech hoffen datt, de Wieler mech wéinst menge Kompetenzen an den Dossieren wielt an net wéinst der Zuel u Selfien, sou de Patrick Goldschmidt um RTL-Mikro. De Co-Spëtzekandidat fir d'DP an der Stad war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Hie wier zanter 2009 am Gemengerot an zanter 2013 am Schäfferot an do hätt hie bewisen, datt hie gutt kéint Dossiere virubréngen. Konkurrenz op der DP-Lescht tëscht him, der Buergermeeschtesch Lydie Polfer an och der Ministesch Corinne Cahen géif et net ginn. "Mir hunn eng Lëscht a mir hunn ee Programm a mir hoffen op dem gewielt ze ginn," sou den Invité. Jidderee géif un engem Strang zéien.

Wie wier de bessere Koalitiounspartner an der Stad?

Iwwer méiglech Koalitiounen no de Gemengewalen, mat enger CSV oder déi Gréng, wollt den DP-Politiker näischt soen. Et hätt een awer déi lescht 6 Joer gutt mat der CSV zesummegeschafft. Et géingen och bis d'Walen nach vill Projeten ëmgesat ginn, dorënner d'Renaturéierung vun der Péitruss, de Park zu Gaasperech an d'Finalisatioun fir een Terrain fir eng oppe Schwämm ze presentéieren.

Konsequenzen nom schwéieren Accident am Neiduerf

3 Persoune sinn d'lescht Woch bei engem grujelegen Accident am Stater Neiduerf ëm d'Liewen komm. Dat hätt vill Leit opgewullt, sou de Patrick Goldschmidt. Vill Leit hunn als Konsequenz en Tempolimitt vun 30 an den Uertschaften oder Radaren an der Entrée gefuerdert. De Stater Mobilitéits-Schäffen huet erkläert, datt hien an deem Kontext léiwer eng Vitesse-Reduktioun vu 90 op 70 hätt an dann zousätzlech Radaren am Ufank vun den Uertschaften, wéi en Tempolimitt vun 30 Kilometer an der Stonn.
Zanter dem Accident gouf och kritiséiert, dass d'Busser mussen an der Strooss stoe bleiwen, well d'Abuchtunge fort geholl goufen. Den Ursprong dovunner wier net d'Vitesse, mä fir dem ëffentlechen Transport Prioritéit ze ginn. Wann et méi Abuchtunge géif, kéint dat Retarde provozéieren, wann de Bus a Spëtzestonnen net direkt erausgelooss gëtt. Ënnert anerem dowéinst wier d'Direktiv komm, fir se fort ze huelen. De Bus soll Prioritéit kréien, well de Mobilitéits-Probleem an der Stad kéint nëmme mat engem effikassen ëffentlechen Transport geléist ginn, sou de Patrick Goldschmidt.

Invité vun der Redaktioun: Patrick Goldschmidt

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.