En Donneschdeg de Moie war d'Bildungsoffer Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Wandel an der Educatioun wier net ëmmer einfach, ma et wier awer wichteg de Schüler och nieft dem obligatoresche Schoulprogramm ze encadréieren. Dat sot en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun, de Jean-Marc Wagner vum CePAS, dem Centre Psycho-Social et d'Accompagnement Scolaire.
Déi non-formell Bildung soll déi Jonk baussent de Schoulstonnen erreechen, dowéinst gi souwuel Raim geschafen, fir zesummen ze sinn, wéi och konkret Aktivitéiten. Domadder sollen d'Ressourcen an d'Stäerkte vu de Jonken ausbauen. Ma déi Jonk géingen awer net onbedéngt vum selwen de Kontakt mat den Educateure sichen, dowéinst géing ee probéieren op d'Schüler a Schülerinnen duer ze goen.
Wat am Meeschte gesicht gëtt, ass e lockere Kader fir zesummen ze kommen. A wann da méi spezifesch Besoine sinn, sinn d'Educateuren an Educatricen net wäit.
Déi Jonk wiere ganz frou, dass si duerch déi Offer net nëmmen als Schüler, mee als Mënsch ugesi ginn, mat hire Stäerkten a Schwächten. Wichteg wier et, dass dat ganzt op Aenhéicht geschitt a net vun uewen erof vun Erwuessen decidéiert gëtt.
Non-formell Bildung méi an de Schoulprogramm integréieren
Aktuell wier et esou, dass all Lycée ënnerschiddlech Offeren u non-formeller Bildung ubitt, well all Schoul och eng aner Strategie huet. De CePAS géing kloer Missioune virleeën, ma d'Ëmsetzung ass eben iwwerall ënnerschiddlech. Dowéinst huet den Dokter an Erzéiungswëssenschaften, Jean-Marc Wagner vum CePAS, gefuerdert, dass eng gewësse Professionaliséierung geschitt.
Déi non-formell Bildung kéim de Jonken nämlech och an hirer klassescher Bildung ze gutt. Se géif komplementar funktionéieren. Dowéinst wier et och sënnvoll gewëssen Aktivitéiten an Zesummenaarbecht mat de Proffen unzebidden. Esou kéint een Themen och anescht ugoen, zum Beispill baussent der Schoul mat Ausflich oder Gespréicher mat Experten.
Allgemeng huet de Jean-Marc Wagner, deen d'Koordinatioun vun den Educateuren an Educatrice mécht, festgestallt, dass déi verschidden Acteuren oppe wieren, wann een am Dialog erkläert, wisou e Wandel wichteg ass. De Schoulsystem kéint esou manner rigide organiséiert ginn a méi op den eenzele Schüler agoen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.