Déi gréissten Erausfuerderung fir déi nächst Regierung gesäit den CSJ-President Alex Donnersbach am Logement.

Dass de Problem scho méi al ass an aus där Zäit kënnt, wéi d'CSV un der Muecht war, géing net entschëllegen, dass an de leschten 10 Joer näischt geschitt ass, sou den Alex-Donnersbach de Freideg de Moien um RTL-Mikro
D'Logementspolitik wier de gréissten Echec vun dëser Regierung a sollt d'CSV zréck an d'Verantwortung kommen misst d'Wunnen eng vun den ieweschte Prioritéite sinn. Och schonn am Walkampf vun der CSV sollt et dat wichtegst Thema ginn, esou d'Fuerderung vun der Jugendpartei. Et géing een der Mammepartei och eege Proposen virleeën, fir geziilt Jonker a speziell Beruffsufänger ze entlaaschten.

Invité vun der Redaktioun: Alex Donnersbach

D'CSJ plädéiert engersäits fir steierlech Mesuren, wéi zum Beispill d'Eropsetze vum Montant, op deen déi reduzéiert TVA vun 3 % kann applizéiert ginn. Dat allerdéngs fir Éischtkeefer. Grad jonk Beruffsufänger missten déi éischt zwee Joer geziilt mat Steiererliichterungen ënnerstëtzt ginn. Um CSJ-Nationalkongress huet den Alex Donnersbach dowéinst e "Starter-Kit" u Mesurë presentéiert. Doriwwer eraus misst déi annoncéiert Reform vun der Grondsteier an d'Mobiliséierungssteier op eidelen Terrainen a Logementer méi séier kommen. Déi geplangte Reform soll eréischt no e puer Joer wierken, ma dat wier fir den aktuelle Problem awer net ubruecht, betount den CSJ-President. Wat de Montant ugeet, esou kéint een doriwwer nodenken, deen ze erhéijen, esou den Alex Donnersbach op Nofro.

Energietransitioun an Aarbecht si weider wichteg Themen fir d'CSJ

D'Jugendpartei ass géint eng allgemeng Aarbechtszäitverkierzung. Dass Jonker net méi esou vill wéilte schaffen wier eng Usiicht, déi ëmmer nees opkënnt, ma dat wier awer net wouer. D'CSJ wëll sech staark maachen, fir dass Eltere méi Zäit bei hire Kanner kënne verbréngen. Dat kéint zum Beispill mat enger Erweiderung vum Congé parental geschéien, déi nach ze definéiere bleift. D'CSJ wëll et punkto Aarbecht och de jonken Entrepreneure méi einfach maachen, déi éischt Schrëtt ze woen. Duerch Steiervirdeeler zum Beispill sollen déi Jonk ënnerstëtzt ginn, sech selbststänneg ze maachen. Dacks wier esou e Schrëtt nämlech virun allem am jonken Alter mat finanzielle Suerge verbonnen.

Wat d'Energietansitioun ugeet, wëll d'CSJ virun allem d'Prozedure vereinfachen. Déi néideg Mesuren fir zum Beispill erneierbar Energien misste vill méi séier kënnen ëmgesat ginn.

Et wier ee mat de verschiddene Proposen beim designéierten CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden och op oppen Oueren gestouss.

D'CSJ steet dann och weiderhin hannert dem Luc Frieden, dat hätt een och um Nationalkongress däitlech gewisen. Den Alex Donnersbach huet betount, dass de Luc Frieden dee beschte Choix wier, fir géint déi aner Parteien unzetrieden.

Wat de Nowuess an der Partei ugeet, do huet sech den CSJ-President ganz optimistesch gewisen. D'Zil wier et iwwer 100 jonk Kandidate bei de Gemengewalen opzestellen. Dat misst een och kënnen erreechen, esou de President vun der Chrëschtlech sozialer Jugend.

Bis 33 Joer kann ee sech an der Jugendpartei vun der CSV engagéieren.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.