Wann eng Majoritéit sech fënnt, dann ass eng Neioplo vu Blo-Rout-Gréng eng Optioun, mä et ginn och nach aner Parteien.

Dat sot de Gilles Baum e Méindeg de Moien um RTL-Mikro. Den DP-Fraktiounschef war deemno manner explizitt ewéi d’LSAP-Deputéiert a Co-Presidentin Francine Closener, déi virun 3 Wochen um Radio 100komma7 sot, si kéint sech eng Neioplo vu Blo-Rout-Gréng virstellen. De Gilles Baum sot e Méindeg, e Walkampf wier wuel néideg och no der Tripartite. Oder wéi hien et léiwer ausdréckt: "En Austausch vun Iddien." Hei géing een a sengen Ae mierken, datt d'DP besonnesch a Steierforen, mä och an der Santé an am Logement aner Iddien ewéi déi Gréng an d'LSAP hätt. Et wier wichteg, datt een och mat deenen anere Parteien iwwert déi verschidden Iddien debattéiert, fir ze kucken "a wat fir eng Richtung, datt een – wann de Wieler bis entscheet huet – wëll fueren an de Joren no 2023".

Op der Tripartite vum 3. Mäerz hätt sech d’DP och "absolut net" vun der LSAP dreiwe gelooss, sou de Gilles Baum. D'DP hat sech – an der Stëmm vun der Finanzministesch Yuriko Backes – virun der Tripartite fir geziilte Mesurë fir déi méi niddreg Revenuen ausgeschwat. Um Enn koum eng partiell Upassung vun de Steierbarèmen un d'Inflatioun eraus. Am Géigesaz zu de sozial gestaffelte Steierkreditter vun der éischter Tripartite virun engem Joer kréien elo déi méi héich Revenue méi héich Steierkreditter ewéi déi niddereg. Den DP-Fraktiounschef huet den Accord vun der Tripartite als Mix tëscht Upassung vun der Steiertabell un d'Inflatioun a gezielte Mesurë fir Leit mat méi klenge Paie beschriwwen. Et wier eng hybrid Léisung, déi d'Handschrëft vun der DP hätt.

Invité vun der Radaktioun: Gilles Baum

Et wier eng virsiichteg Finanzpolitik, kee Schoss aus der Hëft. Dowéinst ginn d'Steierbarèmen d'nächst Joer just ëm 2,5 Indextranchen an net 8 ugepasst. Esou eng Upassung hätt de Staat eng Milliard Euro kascht a wier net ze finanzéiere gewiescht. Ugeschwat op d’Ausgabe vum Staat fir e Militärsatellit oder d’Gebai vun Arcelor Mittal, huet den DP-Fraktiounschef vu "Verflichtunge" géigeniwwer dem Stolkonzern, respektiv der Nato geschwat. Datt elo d'Barèmë just deels ugepasst ginn, géing awer net bedeiten, datt een 2024 oder 2025 näischt géing maachen. Mä elo wieren eben nach Walen, sou de Gilles Baum.

Wann d'Indextranche, déi zejoert verréckelt gouf, am Abrëll erfält, fält de Steierkredit "Energie" ewech. Ma den neie Steierkredit "Conjoncture", deen den 3. Mäerz decidéiert gouf, wäert wuel mat engem liichte Retard ulafen, well d'Texter nach net prett sinn, huet den DP Fraktiounschef erkläert. De Gilles Baum huet awer drun erënnert, datt déi nei Steierkreditter wäerte réckwierkend op den 1. Januar gëllen. Am Géigesaz zum Steierkredit "Energie" sinn déi nei Steierkreditter net sozial gestaffelt.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.