Differenzen tëscht Blo-Rout-Gréng verhënnere keng "anstänneg Kompromësser"
"Wann et keng Differenzen tëscht der Regierungspartei an den anere Partei géing ginn, da kéinte mer eng Eenheetspartei maachen".
Dat sot den LSAP-Deputéierten a President vun der Santéskommissioun an der Chamber Mars Di Bartolomeo en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview als Reaktioun op d'Aussoe vum DP-Fraktiounschaef Gilles Baum.
De Mars Di Bartolomeo war en Dënschdeg och der Meenung, datt trotz deenen Differenzen "Blo-Rout-Gréng anstänneg Kompromësser" géinge fannen, wéi zum Beispill op der leschter Tripartite. Eng Kéier géing sech deen een duerchsetzen, eng aner Kéier deen aneren. Engersäits wieren d'Steiererliichterung vun der Tripartite op Initiativ vun der LSAP entstanen, sou de Mars Di Bartolomeo. Anerersäits huet den LSAP-Deputéierten tëscht den Zeile bedauert, datt d'Krisegewënner nach ëmmer net mam Ouer geholl goufen. Dorënner Energiekonzerner an aner Secteuren. "Do kaalwen d'Ochsen um Späicher", sou de President vun der Santéskommissioun.
Covid: Eng onofhängeg Expertis
De Mars Di Bartolomeo ass fir eng geschaten 30. Kéier Rapporter fir dat neit Covid-Gesetz, iwwert dat en Donneschden an der Chamber ofgestëmmt gëtt. Mat dësem sollen d'Isolatiounsflicht an d'Maskeflicht am Spidol an am Fleegesecteur ewechfalen. Op déi 3 Joer Pandemie zeréckgekuckt, huet de fréiere Gesondheetsminister gesot, et wier wichteg, d'Gestioun vun der Kris kritesch ënnert d'Lupp ze huelen. De Mars Di Bartolomeo huet sech fir eng onofhängeg Expertis ausgeschwat. Eng Enquêtëkommissioun géing a sengen Aen ze wäit goen. Wa Feeler geschitt wieren, wieren déi nämlech net bewosst gemaach ginn. Et hätt ee senger Meenung no op alle Fall Villes bäigeléiert.
Dës ganz Erfarungen a Gesetzer, déi gemaach goufen, sollen elo als Basis gëllen. Eng Zort "Geschierkëscht", déi ee kéint als Pandemie-Gesetz bezeechnen.
De Mars Di Bartolomeo sot e Méindeg de Moien iwwregens och, datt hie Kandidat ass fir Kandidat fir d'Chamberwale vum 8. Oktober ze ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.