E Freideg de Moie war d'Kritik um neie Bachelor fir Quereinsteiger als Enseignant Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Den neie Quereinsteiger-Programm fir Enseignanten op der Uni.lu wäert just dann ugebueden ginn, wann de soi-disant normalen Enseignementsstudiegang net voll besat ass. D’Zil ass 180 diploméiert nei Enseignanten pro Joer. Dat sot den Claude Meisch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Den Educatiounsminister huet op d’Kriticke vun der Enseignantsgewerkschaft SNE-CGFP reagéiert, déi fënnt, dass de Quereinsteiger-Programm méi avantagéis wier, wéi den anere Studiegang fir Enseignanten.

11 Prozent neit Personal a 5 Joer

Et muss een d’Realitéit unerkennen, mam Quereinsteiger-Programm hu mer déi lescht Joren eng gutt Entwécklung gehat, sou den Claude Meisch. Et wier eng Entwécklung an déi richteg Richtung, well mëttlerweil hätt bal all Titulaire de classe ee Bachelor. Et wier déi éischte Kéier zanter dem Enn vun den 80er Joren, dass eppes géint d'Penurie gemaach ginn ass. An dofir léisst de Bildungsminister d'Kritik vum SNE net gëllen. Et hätt een eng Taskforce zesumme mat de Gewerkschaften op d'Been gestallt, fir den administrativen Opwand vum Léierpersonal ze reduzéieren. Mä natierlech géif een de Problem vun der Penurie net einfach esou mat engem Fangerschnippen aus der Welt geschaaft kréien. Déi lescht 5 Joer wieren 11 Prozent méi Schüler an de Lëtzebuerger Schoule gewiescht an duerch Ännerungen am Rekrutéierungs-Prozess hätt een och schonn 11% méi neit Personal kritt. Donieft géing nach virum Summer eng nei Image-Campagne gemaach ginn, fir de Beruff vum Enseignant méi attraktiv ze maachen an ze promouvéieren.

Elteregeld: Politik aus dem leschte Joerhonnert

Vun der Iddi vun engem Elteregeld hält den Invité iwwerdeems näischt. Dat wier eng Politik aus dem leschte Joerhonnert, déi géing encouragéieren, dass een Elterendeel, meeschtens d'Fra, misst doheem bleiwen. Dat kéim fir hien an och fir seng Partei net a Fro, esou de Claude Meisch. Domadder géif souguer d'Aarmut, d'Fraen-Aarmut an d'Kanner-Aarmut an d'Luucht goen, well een an engem gewëssene Sënn aus der Aarbechtswelt géif erausgedréckt ginn. Méi sënnvoll wier et, de Congé parental weider auszebauen. Et géif een och däitlech mierken, datt kleng Kanner ënner engem Joer duerch d'Reform vum Congé parental manner an d'Crèche ginn.

Den Eltere kee schlecht Gewësse maachen

De Claude Meisch wollt och mat Virurteeler opraumen. Et géing net stëmmen, dass d’Kanner vu Moies bis Owes an der Maison Relais friem betreit ginn. An der Moyenne wären d’Kanner an der Woch 15 Stonnen an der Maison d’Relais, also 3 Stonnen den Dag an do wär meeschtens nach d’Mëttegstonn derbäi. D’Maison Relaise wären och net just Betreiungsstrukturen, mä Bildungsstrukture mat pedagogesche Konzepter. Besonnesch fir Kanner aus sozial méi schwaache Milieue wieren d'Maison Relaisen eng Garantie fir eng gutt Entwécklung. Et sollt een dofir d'Maison Relaisen net verdäiwelen an den Eltere kee schlecht Gewësse maachen.

Wéi vill Kanner ginn an d'Maison Relaisen an an d'Crèchen hei am Land? Wéi vill stinn der op enger Waardelëscht? A wat kascht dat de Staat? Déi Chifferen hätt een zum Deel. En Donneschdeg wärend dem ëffentlechen Debat iwwer d'Petitioun 2512 hätt een awer elo nach den Optrag kritt, fir eng Analyse ze maachen. Domadder kéint een dann e sachlechen Debat féieren, deen op Fakten baséiert, sou den Bildungsminister.

Invité vun der Redaktioun: Claude Meisch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.