E Méindeg de Moie waren ënnert anerem d'Prioritéite vun déi Jonk Lénk Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

E politeschen Engagement soll een net nëmmen agoen, fir gewielt ze ginn. Politik sollt een Engagement sinn, dat vun Häerzen kënnt an drop zielt, fir eppes ze veränneren. Dat sot de Ben Muller e Méindeg de Moien. De politesche Coordinateur fir Déi Lénk a Member vun Déi Jonk Lénk war eisen Invité vun der Redaktioun.

De 25-Joer-ale Péitenger wollt sech bei déi Lénk engagéieren, well et eng kloer anti-kapitalistesch a queer-feministesch Partei ass, déi intersektional denkt. Dat heescht et wier eng Partei, déi all Kämpf vun den ënnerdréckte Leit a Minoritéiten ophëlt, fir eng Gesellschaft ze schafen, wou jidderee vun de selwechte Privileegie kéint profitéieren, sou den Ben Muller.

Fuerderungen vun déi Jonk Lénk

De politesche Coordinateur vun déi Lénk geet zu Péiteng mat an d'Gemengewalen. De Partei-Programm géing am Mëttelpunkt stoen an net déi eenzel Persoun. Et géing net ëm hie goen, mä ëm déi Lénk als Kollektiv. Wann ee wéilt eng progressiv, ökologesch Gesellschaft mat enger Gemeng, déi no um Bierger ass, da sollt een déi Lénk wielen. Si géinge sech asetzen, fir eng schlau Urbaniséierung, 15-Minutte Stied mat vill Gréngs, wou een also seng Aarbecht, d'Butteker an d'Fräizäit, alles bannent 15 Minutten ze Fouss erreeche kann.

Ee vun de Schwéierpunkte vun déi Jonk Lénk wier natierlech och de Logement. Do misst ee sou wäit goen, dass een eidel Wunnengen, déi just der Spekulatioun déngen, enteegent. Donieft fuerderen déi Jonk Lénk méi Participatioun vun de Bierger op Gemengenniveau, besonnesch an den eenzele Quartieren, an e gestaffelte Waasserpräis. Do wieren dann déi éischt 50 Liter pro Dag a pro Persoun, déi de Grondbedarf decken, gratis. Déi nächst 50 Liter wieren zu engem soziale Präis a géife pro 50-weider-Liter ëmmer méi deier ginn. Wat ee méi on-ökologesch ass a méi Waasser verbëtzt, wat et dann och méi deier gëtt, sou den Invité.

Firwat ee politescht Engagement als Jonken?

Firwat huet de Ben Muller sech mat 18 Joer politesch engagéiert? Et hätt een nei an alternativ Beweegungen uechtert d'Welt gesinn. De Jean-Luc Mélenchon hätt a Frankräich wärend de Presidentiellen 2017 mat senger Campagne virop och Jonker viséiert an Diversitéit gepriedegt. An den USA wier dat de Bernie Sanders gewiescht an a Groussbritannien den Jeremy Corbyn. Donieft hätt d'Revolutioun zu Rojava, am kurdesche Syrien hien extrem vill gepräägt an doropshin hätt hie sech och wéilten engagéieren, fir eng besser Gesellschaft ze kreéieren.

Invité vun der Redaktioun: Ben Muller

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.