E Dënschdeg de Moie war d'Handwierk Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D’Hallschent vun de Betriber am Bau huet just nach Aarbecht fir mol net 3 Méint. Dat ass eng Katastroph, sot en Dënschdeg de Moien de President vun der Handwierkerfederatioun, de Luc Meyer. Eng Kris am Bau stéing virun der Dier. An den nächste Méint wäerten d'Commanden erofgoen. D’Situatioun wär ganz onsécher. D'Leit hätte kee Budget méi fir ze bauen.

Wunnengspräisser riskéieren z’explodéieren

Derbäi kéime politesch Decisiounen, déi Investitiounen an de Stee manner interessant géinge maachen. Normalerweis wieren 3.500 Wunnengen d'Joer gebaut ginn. Dëst Joer wäerten et der nëmmen 2.000 sinn. Et kéimen awer weider Leit op Lëtzebuerg. Elo misst den Hiewel ugesat ginn, fir datt weider gebaut gëtt. An zwee Joer géife soss d’Wunnengspräisser riskéieren z’explodéieren. Da géif d’Logementskris weider verschäerft ginn amplaz geléist.

Regierung misst den Hiewel usetzen

D'Handwierkerfederatioun huet dowéinst eng ganz Partie Fuerderungen un d'Regierung: de bëllegen Akt misst gehuewe ginn. Haiser, déi op Stock gebaut ginn, misste méi bëlleg verkaf ginn, mat der bëlleger TVA. Betriber, déi Aarbecht hätten, solle kënne Salariéen bei Betriber ausléine goen, déi manner ze schaffen hunn. Nëmmen esou kéint een d'Leit am Secteur halen.

Allgemeng wär d’Stëmmung am Handwierk bedréckt. D’Produktivitéit a Rentabilitéit hätten déi lescht 3-4 Joer eng ferm op den Deckel kritt. D’Politik misst och waarm Eisen upaken.

Handwierkerfederatioun "total géint eng Aarbechtszäitverkierzung"

D'Handwierkerfederatioun ass och kloer géint eng Aarbechtszäitverkierzung. Et géif een elo schonn net genuch Leit fannen. Wa fréier Krise waren, hätt een d’Äerm erop gestrëppt a méi geschafft, net manner. An de Betriber, um Terrain, misst ee mat senge Leit d’Aarbechtszäiten ausschaffen. D’Aarbechtsrecht misst awer onbedéngt moderniséiert ginn.

Invité vun der Redaktioun: Luc Meyer

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.