E Freideg de Moie waren d'Bëscher zu Lëtzebuerg an de Klimawandel Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Een Drëttel vum Grand-Duché ass Bësch. Eng Hallschent dovunner gehéiert de Gemengen, dem Staat oder de Kierchefabrécken an déi aner Hallschent gehéiert Privatleit, plus minus 14.000 Leit, déi sech ronn 50.000 Hektar deelen. Dat sot den Hubert de Schorlemer e Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.

De President vun der Asbl "Lëtzebuerger Privatbësch", fréier dem Groupement des Sylviculteurs, huet erkläert, dass an de leschten zwee Joerzéngte virop Fiichten- an Nole-Beem ëmmer méi sensibel a krank sinn, well et tëscht Juni a September bal net méi reent. Mä och déi einheimesch Bamzorte wéi Buchen an Eeche géinge krank ginn. De Borkenkäfer géing donieft nach monter weider schaffen. Alles an allem wier den Zoustand vun eise Bëscher e richtege Problem an do misst ee sech elo adaptéieren. An Zukunft wäert zum Beispill sécher manner op Nolenholz hei am Land gesat ginn, sou den Invité.

Kampf géint de Klimawandel

Den Hubert de Schorlemer ass dovunner iwwerzeegt, dass eng Natur-Verjéngung de richtege Wee wier, fir d‘Bëscher op de Klimawandel ze preparéieren. D‘Theorie bei der Natur-Verjéngung wier déi, dass e Bam deen de Stress vun haut matgemaach huet, dat genetesch u säi Som virugëtt. Jonk Beem wieren da besser adaptéiert un déi méi schlecht Konditiounen. Et bräicht awer e gesonde Mix aus Mesuren. Nieft der Natur-Verjéngung misst een zum Beispill och e Mix aus neie Beem-Zorten uplanzen. Am Süde géing och mat Réckhaltebecke geschafft ginn, fir d'Waasser opzefänken an dann am Summer de Beem an dem Véi zur Verfügung ze stellen. Dës Propos vum President wier awer administrativ ni zeréckbehale ginn.

"Mir brauchen d‘Jeeër an d‘Jeeër brauchen eis"

E Bësch hätt eng ekologesch, ekonomesch an eng sozial Funktioun an dozou géing d‘Associatioun Lëtzebuerger Privatbësch och stoen. Allerdéngs géing den Ament den Equiliber punkto Juegd a Wëld net richteg bestoen. Mä dat misst een ouni Polemik ugoen, fachlech a sachlech. De Bësch misst nohalteg frësch opgestallt ginn an dat géing just mat de Jeeër goen. Et bräicht een d‘Jeeër. Wann een nämlech op de Wee vun enger Natur-Verjéngung géing goen, da misst een uplanzen, mee et kéint een net iwwerall Clôturen hisetzen. An do misst de Jeeër de Rôle huelen, dee virdrun de Wollef oder de Bier hat, fir eng Wëld-Dicht ze hunn, déi adaptéiert ass un d‘Situatioun. D‘Wëld wier nämlech e Gourmet a géing gär d‘Haaptspross vun der jonker Planz iessen a wann déi futti ass, da kéint de Bam sech net entwéckelen.

Nohaltegt Holz op de Marché kréien

Den Hubert de Schorlemer war 10 Joer laang President vun der CEPF Confederation of European Forest Owners, also der europäescher Versioun vum Lëtzebuerger Privatbësch an ass zanter leschter Woch vun der IFFA gefrot ginn, fir d‘Presidence vun der International Family Forestry Alliance z‘iwwerhuelen. An dem Kontext kritiséiert den Invité, dass d‘Politik hei am Land net interesséiert wier um Bësch. Et géing vill "BlaBlaBla" gemaach ginn, fir weltwäit Bëscher ze schützen, allerdéngs géingen dann a Brasilien oder Angola Bësch-Konzessiounen u grouss auslännesch Länner vergi gi wéi zum Beispill China. D‘Holz vun do wier net nohalteg a gläichzäiteg dierft een hei guer net un dës Matière première goen, obwuel dës nohalteg kéint produzéiert ginn. D'Philosophie misst änneren, fuerdert de President vum Lëtzebuerger Privatbësch.

Invité vun der Redaktioun: Hubert de Schorlemer

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.