En Dënschdeg de Moie war d'Recherche no engem Medikament géint d'Demenz Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Mir investéieren a Firmen, déi versichen e Medikament z'entwéckelen dat an der Lag ass d'Progressioun vun Demenz ze stoppen oder op d'mannst ze bremsen. Zum Beispill wann een Alzheimer oder Parkinson huet. Dat sot de Christian Jung en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Hien ass Molekular-Biolog an zanter 2019 Partner an enger Venture Capital zu London. Mëttlerweil hu si bal eng hallef Milliard zesummen, mat deenen an dës Fuerschung investéiert gëtt. Zu hiren Investisseuren gehéieren 8 vun den 10 gréisste Pharmaentreprisen oder nach Leit wéi de Bill Gates.

Et gëtt den Ament nach ëmmer kee Medikament géint Demenz. Wa mer keent fannen, da wäerten eis Gesondheetssystemer spéitstens 2050 iwwerfuerdert sinn, sou den Molekular-Biolog. Elo scho géingen all Joer méi wéi 1.300 Milliarden Dollar benotzt ginn, nëmme fir Patiente mat Demenz ze behandelen. Virop wieren dat d'Käschte vun der Fleeg. 1,3 Billioune wiere méi wéi all déi aner verschreiwungsflichteg Medikamenter zesummen. Déi géinge sech op 1 Billioun Dollar chiffréieren. Och d'Weltgesondheetsorganisatioun huet schonn op dës Urgence opmierksam gemaach, erkläert de Molekular-Biolog.

Laang hätte Pharmafirmen versicht no engem Medikament ze sichen. Dat wier awer net gegléckt. Mir si keng Banker, mee Naturwëssenschaftler a versiche mat eisem Wëssen nei Firmen opzebauen, sou de Christian Jung.

Fir d'éischt hätt een an 18 Firmen investéiert an 9 dovunner hätt ee selwer opgebaut. Dës hätte 45 nei Programmer géint d‘Demenz entwéckelt an 8 dovunner wiere souguer schonn an der klinescher Phas, also beim Test um Mënsch. Iwwert déi nächst Jore géing een elo nach 12-15 weider Firmen opbauen.

Et wier realistesch z'erwaarden, dass an den nächste 5-10 Joer ganz vill wäert geschéien, sou de Christian Jung. Dat well een d'Biologie ëmmer besser géing verstoen. Et géingen ëmmer nees nei Technologie ginn an eng vun hire Firmen hätt eng Technologie entwéckelt, déi virun 2 Joer nach onvirstellbar gewiescht wier. Et gëtt Hoffnung, sou den Invité.

Invité vun der Redaktioun: Christian Jung

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.