Nieft der Klimakris och den intersektionale Queer-Feminismus promouvéieren
E Mëttwoch de Moie war ënner anerem d'Politikverdrossenheet vun deene Jonken Thema an der Emissioun".
Mir wollten eng Visio-Konferenz, also net onbedéngt a Brasilien fléien, fir déi Neo-Lëtzebuerger do opzeklären. De Pirat Sven Clement hat awer schonn en Ticket a sou sinn déi aner och geflunn. D'Amy Winandy, CO-Spriecherin vun déi Jonk Gréng, war e Mëttwoch de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. Déi ganz Polemik iwwer d'Rees a Brasilien vun e puer Politiker, dorënner och déi Gréng Deputéiert a Co-Parteipresidentin Djuna Bernard, wollt si net grouss kommentéieren. Si versteet, datt ee wéilt matreesen. Déi ganz Kritik kéint si net ganz novollzéien.
Fuerderunge fir d'Gemengewalen
D'Amy Winandy ass 25 Joer al, studéiert Gender Studies zu Wien an ass vu Guedber. Si hätt sech privat vill fir d'Klima engagéiert, wär awer dunn u Grenze gestouss, dofir hätt si sech bei déi Jonk Gréng engagéiert. Zu Jonglënster geet si mat an d'Gemengewalen, fir d'Chamberwale misst si nach iwwerleeën.
Am Kader vun de Gemengewale setzen déi Jonk Gréng sech fir eng Klimaneutralitéit bis 2030 an. Si wëlle méi gréng Gemengen a wënsche sech ënnert anerem, dass all Jonke fir säin 18. Gebuertsdag en Interrail-Ticket geschenkt kritt, fir mam Zuch Europa nohalteg kënnen z’entdecken. An der Gemeng Walfer géing dat scho gemaach ginn. Donieft wéilten déi Jonk Gréng e Jugendpass aféieren, mat deem all Persoun ënner 25 Joer Reduktiounen an all Gemeng géing kréien. Dat kéint zum Beispill a Restaurante sinn oder a lokale Geschäfter. D'Mobilité douce misst ausgebaut ginn an a punkto Logement misst een alternativ Wunnforme wéi WGen, Tiny Houses a kooperatiivt Wunne promouvéieren.
Net just iwwer d'Klimakris schwätzen
Fir d'Nationalwale géing natierlech d'Klimakris am Fokus stoen, mee donieft misst och méi iwwer den intersektionale Queer-Feminismus geschwat ginn. Den intersektionalen a queeren Aspekt vum Feminismus géing nämlech och op aner Diskriminatiounen hiweisen, wéi zum Beispill d'Hautfaarf, de Sexismus an d'Nationalitéit. Et wier nach ëmmer sou, dass déi meescht sougenannt "Care-Aarbecht", also op d'Kanner oppassen oder sech ëm de Stot këmmeren, nach ëmmer u Fraen hänke bleift. An och Gender Pay-Gap wier nach ëmmer eng Realitéit. Et misst ee ganz fréi ufänken, also schonn an de Schoule fir de Kanner déi richteg Representatioun ze ginn. Och eng Fraequote hält d'Amy Winandy fir eng gutt Iddi. Frae géinge sech nach ëmmer dacks ënnerschätzen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.