Staat soll 1 Milliard € kuerzfristeg deblockéieren, fir Wunnengen ze kafen
En Dënschdeg de Moie waren d'Walen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Staat soll eng Milliard Euro elo kuerzfristeg deblockéieren, fir Wunnengen ze kafen an de Stock vu bezuelbare Wunnengen ze erweideren. Dat huet de President vun de jonken Demokraten en Dënschdeg de Moien hei op RTL gefuerdert. 25 Prozent vun de Wunnenge missten a sengen Ae an de Stock vun abordabele Wunnenge sinn. De Michael Agostini sot, Jonker kéinte sech nämlech aktuell keng Wunneng méi leeschten an elo géingen och nach d’Loyeren méi klammen. Well den Invest och elo nogelooss huet, misst a sengen Ae och fir ee Joer zum Beispill de Plaffong fir den Taux Superréduit an d’Luucht gesat ginn.
De JDL-President huet op der anerer Säit och eng méi staark Mobiliséierungtax gefuerdert, ewéi déi, déi um Instanzewee ass. D’Tax misst schonn no 5 Joer gräifen an et soll een e méi héijen Taux virgesinn. Hei géing keen expropriéiert ginn, huet hien ënnerstrach.
Nieft dem Logement ass och d’Mobilitéit eng Prioritéit fir déi jonk Demokraten. Well nëmmen andeems méi an an aner Forme vun Transport ewéi den Auto investéiert gëtt, kéint eng anstänneg Landesplanung geléngen. D’Croissance vun der Populatioun déi nächst Joerzéngten wier gutt, wa se gutt geplangt wier, sou nach de Michael Agostini.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.