Logement soll als Haaptprioritéit deklaréiert ginn
E Mëttwoch de Moie waren d'Auswierkunge vun der Inflatioun an der Logementskris op Fraen a Familljen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Wéinst der ugespaanter Situatioun um Wunnmarché ginn et Fraen, déi no enger Zäit am Fraenhaus zeréck an eng Gewalt-Bezéiung ginn, seet d'Andrée Birnbaum.
D'Generaldirektesch vu Femmes en Détresse war e Mëttwoch de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. D'Associatioun "Femmes en détresse" huet zwee Refugë fir Fraen. Dës wiere virop fir Urgence-Situatiounen, wou d'Fraen onbedéngt mussen aus hirem Doheem eraus. De Problem wier awer, dass hannendru keng Wunnengen op de Marché bäikommen. Den normale Roulement, deen et misst ginn, ass doduerch blockéiert, well déi Fraen, déi an den Urgencëstrukturen ënnerbruecht sinn, do net erauskommen, well se ebe kee Logement fannen.
Véier schwanger Fraen op der Waardelëscht
Och d'Waardelëschte si laang: 60 Fraen a 76 Kanner waarden dorop, a Fraenhaiser ënnerbruecht ze ginn. Véier vun deenen Frae sinn en plus nach schwanger. Doduerch géingen natierlech eng Rei Fraen dann nees zeréck an déi Wunnsituatioun geroden, aus där se eigentlech wollten erauskommen, well se kee Choix hunn, bedauert d‘Invitée.
Dobäi kënnt, dass sech ëmmer méi Leit bei der Associatioun mellen, déi eigentlech net zu der Zilgrupp gehéieren. Zum Beispill ganz Familljen, déi Problemer hunn, eng Wunneng ze fannen. Oder Leit, déi eng Promesse d'embauche hunn an dann awer hei am Land net Fouss faasse kënnen. Sief et, well se d'Aarbecht awer net kréien, well sech kee méi zeréck mellt oder well si kee Logement fannen a sech eleng gelooss fillen. Ma fir esou Fäll wier Femmes en détresse awer net zoustänneg an et hätt een och net déi néideg Moyenen. Dowéinst huet d'Andrée Birnbaum den Appel un d'Offices sociaux gemaach, méi ze differenzéieren, ier Leit u Femmes en détresse weidergeleet ginn.
De Logement ass dee gréisste Problem
Fir d'Andrée Birnbaum wier de Logement aktuell dee gréisste Problem. Dat géing d'Situatioun vun de Fraen a Kanner, déi et scho schwéier hunn, immens verschlechteren. Femmes en détresse huet verschidde Méiglechkeeten, fir Leit ënner Daach ze kréien, zum Beispill och Wunnengen an der Gestion Locative Sociale. Mä et hätt een net genuch Posten, fir déi Wunnengen ze geréieren an d'Leit, déi dra wunnen, opportun ze encadréieren. 80 Suivie ginn den Ament gemaach mat all Kéiers zwou an hallef Stonne pro Woch. Dat géing awer nieft der eigentlecher Aarbecht vun der Associatioun lafen a wier net ze stemmen. De Suivi wier awer wichteg, well Femmes en détresse kee Logementsservice ass, mee do ass, fir Fraen an Nout an hire Kanner ze hëllefen, nees op eegene Been ze stoen.
Déi wichtegst Revendicatioun vu Femmes en détresse wier dann och, dass de Logementsproblem interministeriell ugaange gëtt an net all Ministère seng eegen Zëppche kacht. Wann een dee Problem géing geléist kréien, dann huet ee vill sozial Problemer mat geléist, esou nach d‘Andrée Birnbaum.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.