En Donneschdeg de Moie war de Logement Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Um Immobiliëmarché huet sech d'Blat gedréint. Där Meenung war den Investisseur a Promoteur Steve Vermeer en Donneschdeg de Moien hei op RTL. De Manager vun Investe Group sot: Well d’Zënsen elo geklomme sinn, géing d’Waarde mat engem Terrain just nach méi Geld kaschten. Wiem et am Moment net gutt geet, dat wieren déi Investisseuren an Entreprisen, déi Terrain ze deier kaf hätten, déi falsch spekuléiert hätten an déi elo net déi néideg Reserven hätten, fir d'Kris z'iwwerstoen. Well d'Demande am Neibau inexistent wier, misste kuerzfristeg Mesurë kommen, fir datt d'Blat sech nees dréint, sou de Steve Vermeer.

De Promoteur huet d'Politik fir de Logementsproblem responsabel gemaach: D'Gemengen an de Staat wiere mat der Handbrems ënnerwee. Iwwerdeems de Logementsminister Henri Kox "a sengem gréngen Tunnel" wier, sou de Steve Vermeer, géingen d'Gemengen a vill aner Administratiounen d'Projeten extrem an d'Längt zéien. "Wann eng Kéier e Beamte krank ass, da waart een ee Mount méi fir eng Autorisatioun", huet de Promoteur erkläert.

Op d'Margen ugeschwat, sot de Steve Vermeer, d'Promoteure géingen 20 Prozent um Projet verdéngen, mä well et tëscht 6 an 10 Joer dauert bis e Projet developpéiert ass, géing manner eraussprangen, ewéi ee kéint mengen.

Jidderee misst elo "Waasser a säi Wäi schëdden", net just Promoteuren: och d'Baufirmen, d'Banken an d'Developpeure missten elo zesummen un engem Strang zéien, fir ze kucken, wéi een aus der Kris erauskënnt. Mä de Staat an d'Gemengen hätten, wéi gesot, och eng wichteg Roll ze spillen.

Invité vun der Redaktioun: Steve Vermeer

Chambre Immobilière: Mesuren amplaz "Mesuretten"

Et misst een net de Promoteur retten, mä kucken den Immobiliëmarché an de Grëff ze kréien, seet de President vun der Chambre Immobilière, de Jean-Paul Scheuren. Hie fuerdert eng Tripartite, wou d’Regierung kéint Mesuren huelen, an net just, wéi bis elo, "Mesuretten".

Immobiliëmaart
Um Immobiliëmarché huet sech d'Blat gedréint. Där Meenung war den Investisseur a Promoteur Steve Vermeer en Donneschdeg de Moien hei op RTL.

Dem Invité vun en Donneschdeg de Moien, dem Steve Vermeer, gëtt hie Recht, dass d’Prozeduren hei am Land extrem laang wieren, soudass de Marché sech net kéint der Demande upassen. Et misst een immens laang waarden, fir Terrain ze kréien. Eng 15 Joer fir de Gesamtprojet wier net rar.

D’Promoteuren hätten den Ament vill Onsécherheeten, wéi de Präis vun der Konstruktioun, a géingen dofir ofwaarden. Och de Jean-Paul Scheuren mengt, dass elo de Moment wier, fir ze investéieren. De Loyer wier garantéiert, well ze wéineg Objeten um Marché sinn.

Schonn zanter engem Joer géingen et Problemer am Secteur vun den Immobilienagencë ginn. 120 Agente wiere bei der Adem ageschriwwen. Et rechent een domat, dass eng 800 Leit professionell an den Agences immobilières schaffen.

Syvicol verwonnert

De President vum Gemengesyndikat Syvicol, den Emile Eicher, wonnert sech iwwert eng esou generell Ausso. Verschidde Gemenge kéinten zum Beispill net esou séier bauen, well Infrastrukture wéi Kläranlagen, Kanalisatioun, Waasserversuergung, Schoulen oder Maison relaisen nach net fäerdeg wieren.

Am Programme directeur d’aménagement du territoire wieren dann och Prioritéite festgeluecht. Sou wéi dass Agglomeratioune méi gezillt sollen ausgebaut ginn wéi de ländleche Raum.

Den Austausch mam Staat fir bei gewësse Froen Assistenz ze kréien, bewäert den Emile Eicher als Buergermeeschter vu Clierf als gutt.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.