E Freideg de Moie war d'Heeschereiverbuet an der Stater Gemeng Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Hei ass net den aarmen Heeschert viséiert, dee mam Becher do sëtzt, mä aggressiivt Verhalen an organiséiert Banden, déi de Leit d'Suen aus der Täsch zéien. Dat sot de Stater Sozialschäffe Maurice Bauer e Freideg de Moien op RTL. Dowéinst wier d'Verbuet vum Heeschen op d'Uewerstad, d'Gare a Bouneweg, do wou een de Phenomeen festgestallt hätt, limitéiert an tëscht 7 Auer moies an 10 Auer owes, sou den CSV-Politiker. Wann de Problem sech géing verlageren, da misst een dee Moment dorobber reagéieren, sou de Maurice Bauer. Wéini d’Reglement a Kraaft trëtt hänkt awer vun der Decisioun vum Inneministère of.

Hien huet sech awer och géint de Virworf gewiert, d'Stad géing net genuch fir déi Aarm maachen. De Stater Sozialschäffe huet eng ganz Rei Servicer opgezielt, déi deene Leit géing ugebuede ginn. Dat geet vun Hygiène, iwwert Aktivitéite bis hin zu Iwwernuechtungsméiglechkeeten. Dem Maurice Bauer no géing et 200 Leit op de Stater Stroosse ginn an doduerch, datt ee méi Sozialaarbechter rekrutéiert hätt, géing et elo ee Sozialaarbechter fir 5 Clientë ginn.

Virun 2 Joer hat d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer hei op RTL awer gesot, datt wat d'Offer méi grouss ass, och méi Leit an d’Stad komme géingen. Op d’Fro, ob dat net géing beweisen, datt d’Gemeng d’Offer bewosst a Grenzen hält, huet de Stater Sozialschäffen deklaréiert, d'DP-CSV-Majoritéit, mee och déi virdrun, hätte sech ëmmer honnertprozenteg op d'Säit vun deenen Äermste gestallt. "Mee op der anerer Säit musse mer eis och kënne wiere géint Leit, déi vum System abuséieren", sou de Maurice Bauer.

Invité vun der Redaktioun: Maurice Bauer

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.