Strategesch EU-Industrië besser schützen
E Méindeg de Moie war d'Industrie-Tripartite Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Op der sektorieller Tripartite fir d'Industrie e Mëttwoch wäert net iwwer d‘Energiekäschten geschwat ginn, mee wéi mer all déi Fachkräften am Grand-Duché halen, déi bei Dupont Tejin, Husky Technologie an John Zink hir Aarbechtsplaze verluer hunn. Dat sot den Energieminister Claude Turmes. Hien war um Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
Wat d'Energie ubelaangt, do misst ee consideréieren, dass all d'Betriber ënnerschiddlech Akafsstrategien hunn. Déi di schlecht akaaft hätten, deene géing een elo iwwer den europäeschen Kader hëllefen an donieft géing een och un de Netzkäschte schaffen. Den Energiepräis setzt sech jo zesummen aus dem Akafspräis plus d'Netzkäschten. Fir d'Betriber wier et wichteg, dass se net ze vill ofhängeg si vum sougenannten „Spot-Marché“ sinn, dee ganz staark erop an erofgeet. Dofir wéilt ee laangfristeg Verträg fir d'Lëtzebuerger Industrie aushandelen, zum Beispill mat enger Entreprise, déi an der Nordsee am grousse Stil Wandenergie produzéiert, oder enger anerer Entreprise, déi a Spuenien Solarenergie produzéiert. Esou Verträg géingen de Risiko reduzéieren an eng Präisstabilitéit garantéieren.
Investitiounsaiden an nei Infrastrukturen
Nieft dem Wiessel op erneierbar Energien ass e groussen Defi och d‘Dekarboniséierung vun de Betriber. Op der enger Säit soll een den Entreprisen Investitiounsaiden ginn an op der anerer Säit misst een déi néideg Infrastrukture bauen, fir zum Beispill grénge Stroum op Lëtzebuerg ze kréien.
Mat groussen Entreprisë wéi ArcelorMittal, Guardian an GoodYear hätt een zum Beispill eng Roadmap ausgeschafft, fir méi klimafrëndlech ze ginn. Arcelor wier scho ganz wäit a géing elo zwee Elektro-Iewe kréien, déi och vum Wirtschaftsministère subventionéiert goufen. Do hannendrun misst een et elo awer nach hikréien, fir Waasserstoff op Lëtzebuerg ze kréien, fir dass den Äerdgas komplett aus der Produktioun vum Stolris kéint verschwannen. Grad a punkto Waasserstoff géingen elo europawäit grouss Leitungen gebaut ginn, do misst een als Lëtzebuerg dofir suergen, dass dës och bis an de Grand-Duché kommen. Doriwwer eraus gëtt de Klimapakt mat Betriber ausgeschafft, wou kleng a mëttelgrouss Betriber gehollef kréie lasszekomme vun der fossiller Energie.
Strategesch Industrië besser schützen
A punkto Konkurrenz vum Standuert USA duerch den Inflation Reduction Act seet de Claude Turmes, dass d'EU elo en neie Kader gesat huet an do misst d'Regierung elo sou séier wéi méiglech en neit Gesetz maachen, fir dass een nach virum Summer vun den neie Méiglechkeeten fir Aiden ze ginn, kéint profitéieren. Donieft misst een och a strategesche Secteuren d'Industrië besser schützen. Dat wier scho bei den Autosbatterien de Fall a misst elo nach fir Solaranlagen a Wärmepompele gemaach ginn. Drëtte Punkt fir géint den Dumping um internationale Marché unzegoen, wier fir een Zoll op der EU-Baussegrenz anzeféieren, an dee wier och decidéiert, esou den Energieminister Claude Turmes.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.