En Dënschdeg de Moie war déi sektoriell Tripartite Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Wéinst dem rezente Plazenofbau bei Husky Technologie, Dupont Tejin Films an John Zink kënnt e Mëttwoch eng sektoriell Tripartite beieneen. Et kéint een awer net vun enger Kris an der Industrie schwätzen. Dat huet de Wirtschaftsminister Franz Fayot um Dënschdeg de Moien ënnerstrach. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun. Den Emploi an der Industrie wier an de leschte Joren ganz stabel bliwwen, ongeféier bei 30.000 Leit. D'Industrie géing nach ëmmer 2,3 Prozent vun de Betriber am Grand-Duché representéieren. Vill Entreprisë géingen och ëmmer nach ausbauen an nei Aarbechtsplaze schafen.

Optimistesch fir d'Zukunft

D'Industrie wier awer an enger Transitiounsphas mat villen Erausfuerderungen, wéi zum Beispill den héijen Energiepräisser an dem Manktem un Talenter. D'Industrie, europawäit, wier och am gaange sech nei ze erfannen a méi gréng ze ginn. Do wäert d'Regierung d'Betriber begleeden. Allgemeng weist sech den LSAP-Minister optimistesch, well och ëmmer méi Personal an der Industrie gesicht gëtt, sou dass déi Leit, déi hier Aarbecht verléieren, séier enzwousch anescht kéinten ënnerkommen. Ausser Liberty Steel wier dem Wirtschaftsminister och keen anere Betrib bekannt, deen den Ament an de Laberente wier. Et hätt ee gutt Instrumenter zu Lëtzebuerg, fir Problemer an der Industrie ze begéinen. De Sozial-Dialog géif gutt funktionéieren. Notamment géing e Mëttwoch an der Tripartite op de Plan de maintien dans l'emploi gesat ginn. Donieft gi Mesurë wéi Retraites anticipées, Formatiounen, Chômage partiel an Prêt de main d‘oeuvre envisagéiert, sou de Franz Fayot.

Net genuch Terraine fir Betriber

Wéi kann ee Betriber op Lëtzebuerg zéien, respektiv hei halen? Et misst een d'Betriber an der Erneierung also an der Dekarboniséierung begleeden. Da misst de Grand-Duché awer och seng eegen Nische fannen, fir nei Entreprisen unzezéien.

E groussen Defi fir nei Betriber, déi sech hei am Land wëllen néierloossen, ass de Manktem un Terrainen. Als e klengt Land wieren net méi ganz vill Terraine fir d'Industrie do an dofir misst ee spuersam domat ëmgoen a just Entreprisen heihin zéien, déi op dat passen, wat ee wéilt maachen: also nohalteg Betriber. E geneeë Chiffer, wéi vill Terraine fir d'Industrie disponibel sinn, konnt de Franz Fayot net nennen. Op d'Fro, ob et just 15 Hektar wieren, wéi dacks an Industrie-Kreesser gesot gëtt, sot hien „ech mengen et ass méi wéi dat“. Et misst een ënnerscheeden tëscht nationalen, regionalen a kommunalen Aktivitéitszonen. Donieft géingen et eng Partie Infrastrukturprojete ginn, notamment den technologesche Park Diddeleng oder den Crassier Éilereng, mee déi géingen natierlech Zäit brauchen, iert se fäerdeg entwéckelt wieren, sou nach de Franz Fayot.

Invité vun der Redaktioun: Franz Fayot

Reaktioun

Vum René Winkin, dem Direkter vun der Industriellefederatioun war et op Nofro d'Prezisioun, dass ee bei der FEDIL vun Terraine beim Staat geschwat huet, déi direkt disponibel sinn.

"Et sinn natierlech vill vun deenen Zonen, kommunaler, oder Zonen, déi nach am Developpement sinn, net do dozou ze zielen. An da géif ech mengen, dass ee bei 15 bis 20 (Hektar) géing landen, wou een elo direkt kéint Betriber néierloossen. An net wéi zum Beispill am Fall vu Google, jorelaang Terraine mussen ëmklasséiert oder kaaft ginn".Ëm d'Industrie am Allgemengen an ëm Betriber, déi rezent Restrukturatiounen an een Ofbau vu Plazen ugekënnegt hunn, geet et e Mëttwoch an enger sektorieller Tripartite.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.