Wann een déi richteg Sprooch fënnt an hinne Raum léisst, dann ass bal ëmmer e groussen Interessi vun de Jonken un der Politik do.

Dat sot de Marc Schoentgen, Direkter vum "Zentrum fir politesch Bildung" e Mëttwoch de Moien um RTL-Mikro.
Politesch Bildung wier eppes, wat ee permanent misst maachen, e Prozess, dee fréi misst ufänken an deen ni ophéiert. Leit géife sech villäicht net ëmmer fir Politik interesséieren, awer fir politesch Themen, déi hir Zukunft betreffen.

Wat d'Aschreiwe vun Net-Lëtzebuerger op d'Wielerlëschte fir d'Gemengewalen ugeet, wier dat e Prozess, erkläert de Marc Schoentgen. An absolutten Zuele wier et net sou schlecht gelaf, mä et misst ee weider informéieren. An dat net nëmmen an engem Waljoer.

An anere Länner wéi Éisträich oder Däitschland ass d'Wiele mat 16 Joer scho selbstverständlech. Hei am Land gouf et 2017 dozou en "Neen" am Referendum. Et wär awer net esou, datt dat fir déi nächst Joren esou misst bleiwen, mengt de Marc Schoentgen. D'Gesellschaft géif sech veränneren. Et misst een och déi Jonk selwer froen, well ëm si géif et jo goen. Ob Walflicht oder selwer aschreiwen, wäre Modeller iwwert déi ee kéint nodenken, fir déi politesch Participatioun ze verstäerken.

Eng richteg Politikverdrossenheet spiert den Direkter vum "Zentrum fir politesch Bildung" net. Den Interessi un der "Politik" wier villäicht net ëmmer do, awer u politeschen Themen, déi d'Leit a besonnesch déi Jonk concernéieren, wéi zum Beispill de Logement oder Klimafroen. D'Leit géife sech net ëmmer Eescht geholl fillen. De Message vun der politescher Bildung misst dowéinst sinn: All Stëmm zielt! Ouni engem seng Stëmm decidéieren anerer fir een. Et kéint ee sech och op vill Plazen an der Gesellschaft an an der Demokratie politesch engagéieren. Sou nach de Marc Schoentgen vum "Zentrum fir politesch Bildung".

Invité vun der Redaktioun: Marc Schoentgen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.