Méi Jonker an der Chamber: "Et feelt eng Generatioun"
E Mëttwoch de Moien hu mir an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" mam Co-Parteipresident vun de Jonke Sozialisten iwwer Politik geschwat.
D'Roll vun enger Jugendpartei wier et, d'Problemer aus enger jonker Vue ze beliichten. A wa Kritik ubruecht wier, da kéim dës och - konstruktiv an ouni Skandal. Dat sot de Max Molitor e Mëttwoch de Moien. De Co-Parteipresident vun de Jonke Sozialiste war eisen Invité vun der Redaktioun. D'Kritik, dass d'Jugendparteien ze brav wieren, wollt de 25 Joer alen also net stoe loossen. Ënnerscheeder zur Mammepartei, der LSAP, géifen et zum Beispill a punkto Auslännerwalrecht ginn, wou ee méi wäit wéilt goen. D'Hallschent vun der Populatioun wier vum demokratesche Prozess ausgeschloss. Deemno kéint d'Chamber duerno net representativ vun eiser Bevëlkerung sinn. D'Ëmstänn vum Referendum vun 2015 wieren eben déi gewiescht, déi se waren, mee dat géing net heeschen, dass een de Sujet net nach eemol kéint upaken.
Spëtzekandidate-Binom mat enger Persoun ënner 35
Eng aner Fuerderung vun de Jonke Sozialisten ass, dass déi Jonk besser mat agebonne ginn. Zum Beispill misst bei de Bezierksspëtzekandidaten och all Kéier eng Persoun ënner 35 Joer derbäi sinn. 2018 wieren 10 Leit vun der LSAP direkt an d'Chamber gewielt ginn. Dat wieren alles Männer gewiescht mat engem Duerchschnëttsalter vu 56 Joer. Mat der Regierungsbedeelegung a mam Noréckele wier een op enger paritéitescher Fraktioun, wat déi Jonk Sozialiste géinge begréissen. Mee et feelt eng Generatioun. An dat dierf net nach eng Kéier geschéien, sou de Max Molitor. Bis ewell hätt ee fir dës Propos net vill Kritik kritt vun der Mammepartei. Au contraire géingen et Stëmme ginn, déi dat ganz gutt géinge fannen. Mee et wär elo un de Jonke Sozialisten nach Iwwerzeegungsaarbecht ze leeschten, wou et se nach brauch.
Patronat blockéiert am Dossier Aarbechtszäitverkierzung
De But vun enger Jugendpartei wier et, fir déi ganz Jugend bis 35 Joer ofzedecken, och wann d‘Problemer vun engem 25 Joer alen anerer wieren, wéi déi vun engem 35 Joer alen. Op alle Fall wier d'Thema Aarbechtszäitverkierzung awer zum Beispill vu groussem Interessi fir Jonker. Fir si wier et wichteg, dass doriwwer géing geschwat ginn, mee d‘Patronat géif awer an deem Dossier blockéieren an d'Chance verpassen, de Standuert Lëtzebuerg méi attraktiv ze maachen, sou nach de Max Molitor.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.