"Mir hunn d'Impressioun, datt den Aarbechtsministère d’Antichamber vum OGBL ass"
E Mëttwoch de Moien hu mir mam UEL-President iwwert d'Etüd iwwer Aarbechtszäitverkierzung an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" geschwat.
Et géing hei ëm de Prinzip vum Sozial-Dialog an den Aarbechtsminister Georges Engel hätt do eng ganz selektiv Vue. Eng aner wéi mir als Patronat. Dat sot de President vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen, de Michel Reckinger, am RTL-Interview e Mëttwoch de Moien.
Dowéinst wier een net op der Presentatioun vun der Etüd iwwert d'Aarbechtszäitreduktioun gewiescht. D'Invitatioun wier ze kuerzfristeg komm. Et hätt ee keng Dokumenter kritt, fir sech ze preparéieren. Et géif mam Minister kee richtegen Dialog ginn. Deen hätt selwer an der Emissioun Background gesot, hie misst kee froen, fir Gesetzer ze maachen. De Minister Engel hätt och gemengt, hie wär de Minister vun den Aarbechter. Dat wär awer net richteg. Hie wär dee vun der "Aarbecht". An do géifen zwee Partner derzou gehéieren, och d’Entreprisen. Wéi beim Virgänger Dan Kersch hätt een d’Impressioun, datt de Ministère d’Antichamber, also d’Virzëmmer, vum OGBL wär. Do géif gekuckt ginn, fir de Programm vum OGBL duerchzedrécken. Och den LCGB hätt jo gesot, datt en net agebonne wier an de Sozialdialog.
Net iwwer Aarbechtszäitverkierzung mä iwwer Aarbechtszäitflexibiliséierung misst diskutéiert ginn. Ënnersträicht de Michel Reckinger. Dat wier wierklech am Interessi vun der Kompetitivitéit an der Attraktivitéit vu Lëtzebuerg. Dowéinst misst d'Aarbechtsgesetz och moderniséiert ginn. De Patronats-Vertrieder warnt och: Wann 10% manner geschafft géif ginn, bräicht ee méi Leit, fir d'Aarbecht am Land ze maachen. Wou géif een déi Leit fannen? An dat hätt och nees en negativen Impakt op den Trafic an de Logement.
D'Ausso an der Etüd, datt zu Lëtzebuerg méi géif geschafft gi wéi an den Nopeschlänner, léisst den UEL-Chef Reckinger och net gëllen. D'Zuele wäre vereelzt. Zuele vun 2016 wäre benotzt ginn, et hätt een der awer och vun 2022. Mëttlerweil wiere Congé- a Feierdeeg bäikomm. Sou datt Lëtzebuerg haut op der 4. Plaz an Europa géing leien, wou am mannste geschafft gëtt.
Reaktioun vum Jean-Luc De Matteis vum OGBL
Op Twitter huet de Jean-Luc De Matteis d'Definitioun vum Wuert "Obsessioun" publizéiert. Tëscht den Zeile wërft de Gewerkschaftler dem Patronatsvertrieder vir, sech selwer eppes anzerieden.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.