E Freideg de Moien hu mir an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" mat der Direktesch vum CDSE iwwer d'Wuelbefanne vun de Jonke geschwat.

Den Ëmgang mat Emotiounen a Stresssituatioune muss geléiert ginn. Dat sot d'Diane Dhur e Freideg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. Si ass d'Direktesch vum Zenter fir déi sozio-emotional Entwécklung. D'Ekippe vum CDSE ginn a Schoule geruff, wann d’Schüler net méi eens ginn an der Klass.

Net nëmme gëtt eng Analys mat deem Kand gemaach, fir ze kucke wat lass ass, mee den CDSE schafft och mat der ganzer Klass a mat den Enseignanten zesummen, fir no Léisungen ze sichen an d'Situatioun ze verbesseren.

An 118 Schoulen war den CDSE present.

Gefiller kommen am stressegen Alldag ze kuerz

Den Zenter fir sozio-emotional Entwécklung bitt och präventiv Programmer un, wann d'Léierpersonal dat ufreet. Da schafft d'Ekipp mat de Kanner an den Enseignanten, ouni dass et e konkrete Problem an der Klass gëtt.

Déi emotional Entwécklung vun de Jonke wier eng ganz komplex Matière, ma dee Volet géing dacks ze kuerz kommen am Alldag. En Alldag, deen ëmmer méi séier gëtt, d'Kanner wieren och mat vill méi Informatiounen, och duerch déi digital Medien, konfrontéiert.

Ganz allgemeng Gefiller erkennen, se anuerdnen a léieren domadder ëmzegoen, dat wier eng Prozedur, déi ee sech uneegne kann. Dat géing awer Zäit brauchen, dowéinst geet de Coaching vum CDSE och iwwert e puer Wochen a Méint.

Demanden hunn och no der Pandemie net nogelooss

Léiere wat et heescht mat sech zefridden ze sinn, wier am jonken Alter dacks net evident. Dass eng grouss Demande do ass mierkt den CDSE, well immens vill Ufroe kommen. An der Pandemie huet ee geduecht, dass déi Noutlag géing noloossen, ma elo gesäit den Zenter fir sozio-emotional Entwécklung awer, dass de Besoin net noléisst.

Et géif souguer méi Demandë vun den Enseignanten no Interventiounen vum CDSE ginn, wéi een ofdecke kéint.

CDSE fuerdert emotional Bildung als Schoulfach

Un d’Politik ass et den Appell, an der Schoul carrement en neit Fach anzeféieren, wou dat sozio-emotionaalt Léieren am Fokus steet, an den emotionale Koeffizient vun de Jonke gefërdert gëtt.

All Kand sollt d'Méiglechkeet kréien, Zäit fir déi emotional Entwécklung ze kréien. Dat géing dem Diane Dhur no och den anere Schoulfächer zegutt kommen. Zum Beispill wa Kanner sech net gutt konzentréiere kënnen. Léiere mat Stresssituatiounen oder negative Gefiller ëmzegoen kann hëllefen, fir sech besser op de Schoulprogramm kënnen ze fokusséieren an aner Léiermethoden unzewenden. Ma dat géing awer net vun haut op muer goen, dowéinst misst déi emotional Bildung och op politeschem Niveau eng méi grouss Roll spillen.

Fir interesséiert Léierpersonal huet den CDSE och Broschüren entwéckelt mat Übungen, déi an der Klass kënne gemaach ginn fir Zum Beispill Konflikter ze léisen.

Invité vun der Redaktioun: Diane Dhur

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.