Rout Kaart fir d'Gesondheetspolitik vun der Gesondheetsministesch
De Staatsrot hätt der rouder Gesondheetspolitik vun der rouder Gesondheetsministesch ganz kloer déi Rout Kaart gewisen.
Dat sot de Léon Gloden iwwer de kriteschen Avis vum Staatsrot zum Gesetzprojet iwwer den Ausbau vun der ambulanter Medezin, ënner den och d'IRMe falen, en Donneschdeg um RTL-Mikro. Déi héich Kierperschaft géing déi nämmlecht Argumenter ervirbréngen wéi d'CSV an d'Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD. Privat Praxissen dierfen sech esou Apparater uschafen, dat wier erlaabt. Donieft bezuelen d'Praxissen dat och aus der eegener Täsch an an de Spideeler géingen dës mat Steiergelder bezuelt ginn. Dat wier och keng Argumentatioun géint eng Kooperatioun mat de Spideeler, präziséiert den Léon Gloden.
Mä et misst op alle Fall am 21. Joerhonnert méiglech sinn, fir e klenge Bobo oder en IRM net méi mussen an e Spidol ze rennen. Dat wier och keng Zwou-Klasse-Medezin. Déi wier nämlech duerch 30 Joer rout Gesondheetspolitik. geschaaft ginn.
Changementer mat der neier Verfassung
E Freideg feiert d'Lëtzebuerger Verfassung iwwerdeems 175 Joer a mam 1. Juli trëtt och d'Reform a Kraaft. Fir d'CSV wier et wichteg gewiescht, dass eng ganz Rei Punkten an déi nei Verfassung stoen kommen, notamment de Grand-Duc, d'Lëtzebuerger Sprooch an de Lëtzebuerger Fändel, also déi Critèren déi eng Natioun an eist Land ausmaachen, sou de Léon Gloden, dee jo fir d'CSV un der Verfassungsreform geschafft huet. Donieft géing sech de Grand-Duché mat der Verfassungsreform och ganz kloer zu Europa bekennen. Och d'Onofhängegkeet vun der Justiz géing fir d'éischte Kéier an der Verfassung stoen, d'Parlament wier gestäerkt ginn a kloer Reegele fir de Fonctionnement vun den Institutiounen geschaaft ginn. Ënner anerem gouf et fir d'Deputéiert méi einfach gemaach, fir eng Enquête-Kommissioun anzeberuffen. Et brauch dofir just nach een Drëttel an net méi eng Majoritéit vun den Deputéierten. Donieft goufen nei Rechter a Fräiheeten agefouert, déi dem 21. Joerhonnert entspriechen, wéi den Dateschutz, e verbesserten Déieren- an Natur- a Klimaschutz.
Biergerbedeelegung an der Verfassung
A punkto Biergerbedeelegung hätt een eng initiative populaire agefouert mat der d'Bierger an Zukunft kënnen e Gesetzprojet an der Chamber deposéieren. Dofir brauch et awer 125 Leit, déi sech zesummendinn an déi am Ganzen 12.500 Ënnerschrëften sammelen. Ass dee Seuil net ze héich? Hätt een et de Leit net kéinte méi einfach maachen? Dozou seet den Léon Gloden, dass ee sech um europäesche Modell inspiréiert an et dunn op Lëtzebuerg erof gerechent hätt. Hie wier iwwerzeegt, dass domadder déi eng oder aner ganz konkret Initiativ kënnt. Et misst een och bedenken, dass de Gesetzprojet dann direkt duerch de legislative Prozess géing goen an dofir misst ee sech scho genuch Gedanken doriwwer gemaach hunn.
Schwangerschaftsofbréch an der Verfassung verankeren
Zu dem Ament wéi d'Verfassungsreform geschriwwen gouf, hätt een nach net iwwer dat Urteel vum Supreme Court an den USA geschwat, mat dem jo d'Recht op Ofdreiwung gekippt gouf. De Planning Familial fuerdert scho méi laang, dass Schwangerschaftsofbréch solle gratis an anonym sinn, an dass se sollen an d'Verfassung verankert ginn. Den CSV-Deputéierte fënnt, dat wier net néideg. D'Gesetz doriwwer géing d'Strooss halen an hie kéint sech net virstellen, dass e Geriicht hei am Land esou eng Decisioun géing huelen, wéi zum Beispill an Ungarn oder an den USA. A wann dat de Fall wier, da géing de nationalen Justizrot ageschalt ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.