E Mëttwoch de Moie war ënner anerem d'Aarbechtszäitverkierzung Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

No der Kritik vun der CSV un d'Adress vun der LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert gouf et e Mëttwoch de Moien och Kritik vu Säite vun der DP, och wa si méi fein ausgedréckt war. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann sot et misst een "éierlech soen, datt mer an der Santéspolitik awer e gewëssene Retard hunn". Hir Partei a si hätten an de leschte Joren dacks op deen een oder anere Problem an deem Beräich higewisen.

D'Carole Hartmann huet als Beispiller d'Delaie vu bis zu 2 Méint fir en IRM genannt oder nach d’Mammographien, wou et nach méi schlëmm wier. D’Ostpolitikerin huet vun Temoignagë gezielt, deemno Fraen, bei deenen e Knuet an der Broscht festgestallt gi wier, ma Rendez-vousen op bis zu 2 Joer gesat gi wieren. "Dat ass einfach ze laang", esou d’Carole Hartmann.

Et wier och d'DP gewiescht, déi d’Diskussioun iwwert de "Virage ambulatoire", also Strukture baussent de Spideeler, dynamiséiert hätt. Op d'Gefor vun enger Zwou-Klasse-Medezin ugeschwat, sot d'Carole Hartmann, et géing déi scho ginn, well déi déi sech et kéinte leeschten, géingen an d'Ausland goen. D’Offer misst an d'Luucht gesat ginn an et bräicht een an hiren Aen en Equiliber tëscht de Spideeler, déi sech op hir Käraufgab – schwéier chirurgesch Agrëff - misste konzentréieren an anerersäits Dokter-Strukture baussent de Spideeler.

D'DP-Deputéiert huet d’Analys vum Staatsrot gedeelt, datt Medeziner sollen hire Beruff fräi kënnen ausüben. Dokteren hätten an hiren Aen déi néideg Kompetenzen a Moyenen, fir och mat schwéierem Material baussent dem Spidol ze funktionéieren. Och de finanzielle Volet kéint iwwert Konventiounen an d’Nomenclature gereegelt ginn.

Ass dat net, wat d’LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert probéiert ze maachen? Op déi Fro huet d’DP-Deputéiert geäntwert, datt natierlech duerno Medezin fir jiddereen zum selwechte Präis misst zougänglech sinn, mee eben och iwwerall an no vun do, wou ee wunnt. Nom Avis vum Staatsrot zum Gesetzprojet iwwert de Virage ambulatoire stéing nach Aarbecht an der Chamber un, sou nach d’Carole Hartmann.

Reaktioun vum President vun der Santéskommissioun Mars Di Bartolomeo

Reaktioun vum CSV-Deputéierte Léon Gloden

Invité vun der Redaktioun: Carole Hartmann

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.