Fokus wëll eng reell Alternativ sinn a fir Iwwerraschunge suergen
En Donneschdeg de Moie war ënner anerem d'Waljoer an d'Aarbechtszäitverkierzung Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" mam Fokus-President.
Fokus wëll eng reell Alternativ sinn a fir Iwwerraschunge suerge bei de Gemengen- an de Chamberwalen. De President a Matbegrënner vun der neier Partei Fokus, de Marc Ruppert, war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Si ginn an 3 Gemengen, an der Stad, zu Déifferdeng an zu Suessem, mat an d'Walen. Et géif net drëms goen, e Schéinheetspräis ze gewannen, mä et an de Gemengerot ze packen. Dat wär och méiglech, mengt de Marc Ruppert. Et bräicht ee sech net ze verstoppen, speziell an der Stad mat enger gudder Lëscht. Et wéilt een e bëssen "onangeneem" sinn a vläicht fir eng Iwwerraschung suergen. De Frank Engel wier iwwregens nationale Spëtzekandidat a well Fokus fir eng Trennung vun de Mandater wier, hätt sech den Ex-CSV-President net fir d'Gemengewalen an der Stad opgesat. Dofir wier hie selwer och net nationale Spëtzekandidat, sou de Marc Ruppert.
Privat Sécherheetsfirme sinn eng politesch Kapitulatioun
An der Stad positionéiert sech d‘Partei Fokus kloer géint een Heescherte-Verbuet. Dat wier just eng Oflenkung vu wichtege Sujeten. Et misst een nämlech generell ënnerscheeden tëscht dem Volet Sécherheet an dem Volet Heeschen. Beim Volet Sécherheet wier et kloer – och no der Diskussioun e Mëttwoch an der Chamber – dass d‘Kriminalitéit zouhëlt an dat misst ee mat méi Police-Presenz bekämpfen. D‘Police misst och dem Inneministère ënnerstallt ginn, well et kéint net sinn, dass de Policeminister an d‘Buergermeeschtere sech permanent de Ball hin an hier spillen.
Déi éischt Aufgab vum Staat wier et, fir d‘Sécherheet vun de Bierger ze suergen an dat un eng privat Sécherheetsfirma ofzeginn, wier eng politesch Kapitulatioun, kritiséiert de Marc Ruppert. Et wier och een Hohn, dass ee wéilt versichen, d‘Heescherte mat hirem Becher fort ze kréien. Déi géingen zanter dem Mëttelalter zu de Stadbiller an Europa gehéieren an do kéint een eng gewësse Solidaritéit vun der Gesellschaft erwaarden.
De Glacis ëmgestalten
Fir d‘Stad Lëtzebuerg huet Fokus eng ganz Rei Prioritéiten. D‘Partei hat scho fir Gespréich gesuergt, well se eppes um Glacis wéilten änneren. D‘Prioritéit wier, fir aus der plakeger Bëtongswüüst eng permanent lieweg Plaz ze maache mat Beem, mat engem Maart, mat enger Plaz fir Festivitéiten a mat enger Plaz fir Sport a Fräizäit. Wann dat an der Konsequenz géing bedeiten, dass d'Fouer net méi kéint do ofgehale ginn, da misst een eng nei Plaz dofir sichen. D‘Autoe sollen iwwerdeems net komplett verschwannen, ma et soll een ënnerierdesche Parking geschaaft ginn.
Allgemeng misst de Verkéier an der Stad besser gereegelt ginn. D‘Park&Riden ronderëm d‘Stad missten opgestockt ginn, fir den Duerchgangsverkéier ze verbesseren. Fokus wier dann och géint generell 30er Zonen, mee plädéiert awer dofir dës anzeféieren, do wou se Sënn maachen.
Op nationalem Plang ass Fokus iwwerdeems géint eng generell Aarbechtszäitverkierzung. Se soll do agesat ginn, wou et Sënn mécht, sou de Marc Ruppert.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.