E Logementsdësch bannent den éischten 100 Deeg
E Freideg de Moie waren de Logement an dat neit Buch vun der Fondation Robert Krieps Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Ech si kee Superjhemp - et gi ganz vill Leit, déi kënnen op dräi Hochzäiten danzen, mee fir hie perséinlech hätt hien de Choix geholl, net mat an d‘Gemengewalen ze goen, mee dofir awer am Oktober an d‘Chamberwalen. Dat sot de Max Leners, Member an der LSAP-Parteileedung a Generalsekretär vun der Fondation Robert Krieps e Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Hie wéilt säi politeschen Dada - d'Logementspolitik zu Lëtzebuerg - weider dreiwen an dofir wier de Krautmaart déi richteg Plaz, als national Representatioun.
E Logementsdësch bannent den éischten 100 Deeg
Wann déi nächst Legislatur ufänkt, misst bannent den éischten 100 Deeg e Logementsdësch beieneekommen. Dat wier dat wichtegst, wat misst geschéien, sou den Affekot. Do missten notamment de Bausecteur, d‘Gewerkschaften an d‘Wëssenschaft beieneekommen. Do kéint een direkt eng Rei Saachen, déi zanter Jore schleefen, deblockéieren. Zum Beispill d‘Prozeduren. Et misst een och kucken, wéi ee méi nohalteg kéint bauen. De Max Leners hat zesumme mat e puer aneren Ufank des Joers e gepefferte Bréif un de Logementsminister geschéckt, fir d‘Loyersgesetz ze kritiséieren. Et wier vläicht e Feeler gewiescht vun der LSAP, fir net scho méi fréi z‘intervenéieren, gëtt de Max Leners zou, ma et misst een elo no vir kucken an e Locatiounsgesetz maachen, wat d‘Strooss hält an d‘Recht op Wunne fir all Mënsch promouvéiert. Hei wier elo e Gesetz, wat kee sou richteg zefridde stellt. Et wieren zwar elo Amendementer komm, déi an déi richteg Richtung géinge goen, mee et misst een dat Gesetz déi nächst Legislaturperiod komplett iwwerschaffen.
Jonker mussen d'Méiglechkeet kréien, hir Iddien ze presentéieren
De Generalsekretär vun der Fondation Robert Krieps huet iwwerdeems och iwwer hiert neit Buch geschwat. "Next Generation: Nos idées pour les défis de demain!". Doranner presentéieren eng 20 Jonker hir Zukunftsiddie vum Klimawandel iwwer déi sozial Gerechtegkeet an déi Kënschtlech Intelligenz. Et géing keen Tabu ginn. Wat flott gewiescht wier, wier, dass weder de Saz "dat hu mer schonn ëmmer sou gemaach", nach de Saz "dat hu mer schonn 1980 probéiert" gefall ass.
Wat awer generell Schued un der Politik wier, ass, dass Jonker gesicht ginn, fir Lëschten ze fëllen. Jonker, oder politesch onverbrauchte Leit muss een awer och d’Méiglechkeet ginn, hir Iddien duerzeleeën. Donieft wier et och sou, dass d‘Jugend misst a Richtung Politik goen, sech trauen Iddien ze presentéieren, Feeler ze maachen an och mol de Kapp gewäsch ze kréien. An un den Ale wier et, e Schratt a Richtung Jugend ze maachen. Da kéint een zesummen no vir kommen, sou den Invité.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.