En Donneschdeg de Moie war d'Tätowéieren d'Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Mer spieren d’Auswierkunge vun der Covid-Pandemie u sech elo méi wéi virdrunner. En Tattoo ass éischter e Luxus-Produit an elo an der Kris géing ee mierken, dass et e groussen Abroch an der Clientèle gëtt. Dat sot de Marion Thill en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De President vun der Federatioun "Hair Beauty and Tattoo Guild asbl" huet vun engem Marché geschwat, deen aktuell op der Kopp ass. Och hei am Land géingen et vill illegal Tätowéierer ginn, déi schwaarz schaffen an deemno hire Clientë besser Präisser kéinte maachen. Den offizielle Secteur kritt dogéint ëmmer méi Restriktiounen an Oplagen.

Geschwë gëtt et eng Tätowéierer-Ausbildung

1994, wéi de Marion Thill säin Tattoo-Studio opgemaach huet, hätten et der am Ganzen 3 ginn. Elo wier et schwéier erauszefannen, wéi vill Studioen et wierklech gëtt, well et keng Lëscht gëtt. Net bei der Chambre des métiers, net bei der Santé. Estimatiounen no wieren et am Grand-Duché ronn 100 Tattoo-Studioen, allerdéngs sinn der just 27 federéiert, sou de Marion Thill. De Kuch géing net méi grouss ginn, ma d'Stécker dofir ëmmer méi kléng.

Ee Problem wier, dass jidderee kéint een Tattoo-Studio opmaachen. Et brauch een aktuell keng Ausbildung. Doru géing awer elo zesumme mat den zoustännege Ministère geschafft ginn. An Zukunft soll hei am Land een DAP ugebuede ginn, also eng Léier vun 3 Joer. Et bräicht een d'Rad net nei z'erfannen. Et géing ee sech u Modeller am Ausland inspiréieren. De Fokus läit op der Hygiène.

Kritik u Qualitéitskontrollen an Tattoo Convention

Kritik gouf et vum President vun der "Hair Beauty and Tattoo Guild asbl" un der Qualitéitskontroll. Zanter 2018 géing et e Gesetz ginn, ma bis elo géinge keng Kontrolle gemaach ginn. Déi zoustänneg sanitär Inspektere wieren emol nach net forméiert. Eng fäerdeg Ausbildung fir dës Inspektere géing um Dësch leien, mä de Gesondheetsministère wier nach net aktiv ginn. Wéinst der Pandemie hätt een do Retard kritt, mä sou lues wier et awer un der Zäit.

Bis ewell war vun der Santé nach keng Reaktioun kréien.

Och d'Tattoo Convention dëse Weekend hei an der Stad ass dem Marion Thill een Dar am A. D'Studioe misste sech u ganz strikt Reegelen halen a fir d'Convention kéimen 250 bis 300 Tätowéierer beieneen an eng dreckeg, stëbseg Ausstellungshal a géingen ënner dubiéise Konditiounen tätowéieren. D'Iddi vun der Tattoo Convention wier flott, mä grad d'Dimensioun wier fir de Lëtzebuerger Marché net gutt.

Hautdesdaags ass een Tattoo hunn iwwregens kee Rand-Phänomen méi. Europäesch Statistike besoen, dass ronn 30 bis 40 Prozent vun den 18 bis 45 Joer ale Leit hautdesdaags op d’mannst een Tattoo hunn.

Invité vun der Redaktioun: Marion Thill

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.