Jonk Piraten "e feste Bestanddeel" vun der Mammepartei
E Freideg de Moie waren d'Programmpunkte vun deene jonke Pirate Sujet an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Déi Jonk Pirate sinn e feste Bestanddeel vun der Mammepartei, anescht wéi bei den anere Parteien. Dat sot d’Spriecherin vun de jonke Piraten a Gemengeconseillère zu Colmer-Bierg, d’Mandy Arendt, e Freideg de Moien op RTL. Et wier och well d’Piratepartei fir méi Matbestëmmung steet, wat si dozou beweegt huet virun 2 Joer sech bei de Piraten z’engagéieren.
D’Piratepartei seet vu sech selwer se wier kritesch a konstruktiv an huet eng eeler Wielerschaft. Wat bleift dann nach fir eng Jugendsektioun vun der Partei iwwereg? Ma der Spriecherin vun de jonke Piraten no, wieren déi Jonk scho staark an der Mammepartei integréiert. Sief et op de Kandidatelëschten oder an Aarbechtsgruppen, sou d’Mandy Arendt.
Do wou een d’Mammepartei géing gesi Kritik ausüben, do stéingen dacks déi Jonk och hannendrun. Eng Divergenz an der Partei gëtt et wat d’Aarbechtszäit ugeet: déi jonk Pirate fuerderen eng 35-Stonne-Woch, iwwerdeems d’Mammepartei fir méi Flexibilitéit ass. Wat d’Sécherheetspolitik ugeet, do si sech jonk a manner jonk Piraten Eens: et misst agéiert ginn a méi Police um Terrain present sinn. Fir d’Effektiven an d’Luucht ze kréien huet d’Mandy Arendt sech fir eng Opwäertung vum Beruff ausgeschwat.
Wat de Logement ugeet sot d’Spriecherin vun de jonke Piraten d’Gemeng misst méi sozial Wunnenge schafen an deenen ënnert d'Äerm gräifen, déi kee Prêt kréien. Hirer Meenung no misst de Staat fir Jonker, déi keng Hëllef vun den Elteren oder Grousselteren hunn, bis zu engem gewëssenen Alter "biergen". Als Gemengeconseillère huet d’Mandy Arendt iwweregens an de leschten zwee Joer Mëssstänn zu Colmer-Bierg erlieft: «jo mir hunn ëmmer Mol déi eng oder aner Saach wou en Interessekonflikt ass, wou Leit sech awer weigeren de Sall ze verloossen». Leit déi gewielt goufen, missten awer an hiren Aen zur Rechenschaft gezu ginn, wann eppes net richteg ass.
Wat eng Bedeelegung vun de Piraten an enger Regierung ugeet wollt d’Mandy Arendt sech "net ze wäit aus der Fënster leenen". Natierlech wier ee frou an d’Verantwortung ze kommen, mee et misst een ofwaarden, wéi sech d’Wieler ausdrécken. Ass si pessimistesch? Nee, "einfach virsiichteg", sou d’Spriecherin vun de jonke Piraten.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.