E Méindeg de Moie ware d'Gemengewalen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"D’Lëtzebuerger wiele ganz gäre léiwer Käpp, ewéi datt se no Inhalter kucken".

Dat huet de Michel Pauly e Méindeg de Moien hei op RTL erkläert. Den Historiker a Mataarbechter vun der Zäitschrëft Forum sot dee Phenomen wier op Gemengenniveau nach méi däitlech ewéi op nationalem Niveau – obwuel et och do méi staark wier ewéi am Ausland. Dowéinst misst ee sech och d’Fro stellen, ob déi Leit déi bei de Gemengewale gewielt ginn, och hir Mandater erfëllen oder no de Chamberwalen an d’Chamber, respektiv an d’Regierung wiesselen. Well de Michel Pauly huet drop opmierksam gemaach, datt et 2023  fir déi éischte Kéier ass, datt fir d’éischt Kommunal, an dann Nationalwale bannent engem Joer sinn.

De Michel Pauly sot et wier och op Gemengenniveau, datt eng Rei national Problemer missten ugepak ginn. Hien huet als Beispiller de Problem vun der Aarmut genannt, mä och déi vum Logement a vum Klima. "Et ass um Wieler fir de Kandidaten d’Fro ze stellen, ganz konkret: wéi vill sozial Wunnengen hutt Dir Wëlles an den nächste 6 Joer ze bauen?"

Wat d’Gemengenautonomie ugeet, sou huet den Historiker ee Beispill genannt, wou se begrenzt wier an zwar d’Kierchegesetz. Hei kruten d’Gemenge vum Staat verbueden, fir hir lokal Kierche finanziell z’ënnerstëtzen. De Michel Pauly huet sech gefrot, firwat een et net enger Majoritéit an engem Gemengerot géing iwwerloossen dat ze decidéieren? Hien huet awer och e Beispill genannt, wou d’Gemengenautonomie awer och e Problem wier an zwar de Schutz vum Patrimoine. 14 Gemenge hätte manner ewéi 60% vun de Gebaier déi vun de «sites et monuments » op hire respektiven Territoiren als «denkmalwürdeg» identifizéiert goufen an hire Bebauungspläng als solch zeréckbehalen. "Do gesitt der, datt d’Gemengenautonomie ganz kloer kann en Hënnernes si fir national wichteg Saachen duerchzesetzen", sou de Michel Pauly.

Invité vun der Redaktioun: Michel Pauly

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.