E Freideg de Moie waren d'Usiichte vun der jonker ADR Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" mam ADRenalin-President.

D'Kriminalitéit zu Lëtzebuerg kennt just ee Wee, an dat ass leider deen no uewen... Mëttlerweil sti mer warscheinlech op der Plaz 1 vun der Onsécherheet an der EU.

Dat huet de President vun der jonker ADR, de Maksymilian Woroszylo, e Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun gesot. Mëttlerweil wiere mir warscheinlech op der Plaz 1 vun der Onsécherheet an der EU. Dofir berifft sech de President vun ADRenalin op en Artikel vum Magazin Focus.

(Nott vun der Redaktioun: Hei goufen Donnéeë vun 2007 bis 2009 ausgewäert. Mat ronn 4 Fäll pro Joer vu Mord oder Doudschlag op deemools manner wéi 100.000 Awunner louch Lëtzebuerg proportional gesinn op der 3. Plaz. D'ADRenalin huet doropshin déi aktuell Zuele vun de Gewaltdoten allgemeng landeswäit mat der Awunnerzuel verglach.)

D'Sécherheet ass fir déi jonk ADR ee vun den Haaptsujete fir d'Walcampagne. Dofir misst d’Police sech nees méi op hir Kär-Aufgab konzentréieren.

De President vun der Adrenalin, der Jugendsektioun vun der ADR, huet verschidde Punkten opgelëscht, wat an hiren Ae misst ëmgesat ginn, fir d’Tendenz ze briechen. De Bierger méi responsabiliséieren an och méi Kompetenze ginn. Konkret géif dat heeschen: de Pefferspray-Asaz legaliséiere beispillsweis, wéi och de Schosswaffegebrauch am private Beräich zouloossen, dat "nom Schwäizer Modell". Et misst ee sech selwer schütze kënnen, seet de Maksymilian Woroszylo.

(Nott vun der Redaktioun: An der Schwäiz dierfe prinzipiell all d’Erwuessener, déi en entspriechende Casier judiciaire virleeë kënnen, eng Waff am private Beräich besëtzen. Fir Net-Schwäizer Bierger gëllen zousätzlech Konditiounen. Donieft gëllt fir all Schwäizer e Militärdéngscht oder e sougenannten zivillen Ersatzdéngscht.)

Migratioun just kontrolléiert zouloossen

Doriwwer eraus wëll d'ADRenalin d’Migratioun just nach kontrolléiert zouloossen. Et wéilt een "just nach déi éierlech Leit eraloossen". Dofir kéint d’Privatsphär an engem gewësse Sënn kontrolléiert ginn, proposéiert den ADRenalin-President. Zum Beispill duerch d'Scanne vu Plackennummeren op de Grenze fir Leit, déi eng Strofdot beginn a sech iwwer d'Grenz wëlle fort maachen, méi einfach kënnen z'identifizéieren.

Et wier een als ADRenalin awer net géint déi oppe Grenze vun der EU, huet de Maksymilian Woroszylo betount. Ma et wéilt een d'Grenzen ebe kontrolléieren.

Atomenergie net vum Dësch weisen

Bei der Energieversuergung wéilt déi jonk ADR méi mat anere Länner zesumme schaffen, fir d'Atomenergie auszebauen. Eng Atomzentral zu Lëtzebuerg wier net d'Léisung, mee zum Beispill kéint méi mat Kättenuewen (Cattenom) collaboréiert ginn.

Wat d’Liewensdauer vun esou Atomreakteren ugeet, huet de Maksymilian Woroszylo op nei Technologië verwisen. Allgemeng wéilt een eng Diversitéit bei der Energieversuergung.

Distanzéiere vu mënscheveruechtend Aussoen

Ugeschwat op seng Presenz op enger Konferenz vum "Conservative Political Action Committee", op där sech konservativ Aktivisten a riets Politiker zu Budapest getraff hunn, sot de Maksymilian Woroszylo him wiere keng Aussoen, déi rassistesch oder transphob wieren, zu Ouere komm. Hie géing sech soss dovunner distanzéieren.

De President vun der ADRenalin huet sech als "weder wierklech lénks, weder wierklech riets" positionéiert.

Invité vun der Redaktioun: Maksymilian Woroszylo

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.