Grouss Dossieren, déi um Dësch leien, mussen ofgeschloss ginn
E Méindeg de Moie waren neurochirurgesch Interventiounen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Hei am Land muss een deels laang op e Rendez-vous fir en IRM waarden. Déi 11 Apparater, déi et gëtt, misste méi effizient genotzt ginn. Dat géif hëllefen, mengt de Generaldirekter vum Spidolsgrupp Robert Schuman, den Dr. Marc Berna. Hie war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
Mir hätten hei am Land änlech vill Apparater wéi a Frankräich oder der Belsch. Däitschland hätt der méi, well déi fräi Praxissen an eisem Nopeschland kënnen opgestallt ginn. Deen een oder aneren IRM dezentral opstellen, wär vertrietbar, mengt den Dr. Berna. Mä e Gesamtkonzept wär éischter d'Léisung.
Attributioune mussen adaptéiert ginn
D'Spideeler als Patron, déi mussen attraktiv bleiwen. Dat wiere se och, mengt den Dr. Berna. Et géif ee sënnvoll, sécher a korrekt bezuelten Aarbechtsplaze bidden. Mä d'Ufuerderungen un d'Personal wiere ganz héich. Dat kéint ee verbesseren. Infirmièren an Doktere sollte reng am Kontakt mam Patient agesat ginn. D'Fro wär, ob et zum Beispill eng Infirmière misst sinn, déi de Plateau mam Iessen ausdeelt oder den Apdikteschaf araumt. Bei den Attributioune war et vun eisem Invité d'Fuerderung un d'Politik, fir Adaptatioune virzehuelen.
Fir d'Attraktivitéit ze stäerken, misst och méi tëscht den eenzelen Acteuren zesummegeschafft ginn, fir dass de Patient am Mëttelpunkt ass. D'Digitaliséierung wier op deem Plang e wichtegen Atout, deen onbedéngt misst ausgebaut ginn.
Ännerung an der Nomenclature vun den Neurochirurgen
Neurochirurgesch Interventiounen am Kapp sollen der neier Nomenclature no just nach am CHL rembourséiert ginn. "Meng Neurochirurge sinn dat eréischt duerch d'CNS gewuer ginn a waren iwwerhaapt net an déi Verhandlungen agebonnen." Dat wier natierlech net acceptabel, sot de Generaldirekter vum HRS-Grupp. Och um Kierchbierg wiere speziell fir d'Urgence Kompetenzen an der Neurochirurgie néideg. Et géif elo verhandelt ginn, fir datt och de Kierchbierg eng Antenn vun der Neurochirurgie kritt. Do wier ee mam CHL um gudde Wee fir eng Léisung ze fannen.
Finanziell kéint den Dr. Marc Berna verstoen, dass et sënnvoll ass, d'Kapazitéiten ze bündelen. Mee et wier och eng Form vu Sécherheet um Patient, dee mat engem Problem um Kapp, wéi engem Traumatisme, an d'Urgence kënnt an direkt kann noutoperéiert ginn.
Fuerderungen un déi nächst Regierung
En Vue vun de Walen huet den Dr. Marc Berna, Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman, gefuerdert, dass d'Dossieren, déi aktuell um Dësch leien, ofgeschloss ginn. Dorënner gehéiert de Gesetzesprojet fir Spidolsantennen, déi d'Waardelëschte fir eng IRM-Ënnersichung solle verkierzen, oder nach d'Digitalisatioun.
D'Integratioun vun de Gesondheetsleeschtunge misst och ugepaakt ginn, fir de Patient an den Zentrum vum Gesondheetssystem zeréck ze stellen, esou nach den Dr. Marc Berna. Dat géing hëllefen, fir de Wee vum Patient am Gesondheetssystem ze vereinfachen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.