E Méindeg de Moie war de Walprogramm vun deene Gréngen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Wëlle mer Stëllstand? Wëlle mer Réckschrëtt? Oder wëlle mer resolut an optimistesch no vir goen an d‘Zukunft selwer gestalten? Dat proposéieren nämlech déi Gréng, erkläert de Co-Parteipresident Meris Sehovic. Hie war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Firwat huet een an de Gemengewalen als Partei souvill Plomme gelooss? Et géing een an Zäite vun Onsécherheet liewen. Dat wier keen einfacht Ëmfeld, fir als gréng Partei ze manövréieren, mee a Saache Klima- an Ëmweltschutz hätt een e Lëtzebuerger Modell entwéckelt, den net op Verbueter géing setzen, mee d‘Leit an d‘Betriber mat abënnt. Hie selwer wäert, zesumme mat der Ëmweltministesch Joëlle Welfring, d’Süd-Lëscht uféieren. Vun e Mëttwoch u gi jo déi véier gréng Lëschte fir den 8. Oktober virgestallt.

Invité vun der Redaktioun: Meris Sehovic

20 Prozent ëffentleche Wunnraum

A punkto Logement ass et d‘Zil vun de Gréngen, dass den Undeel vum ëffentleche Wunnraum - also Wunnengen, déi dem Staat gehéieren an déi kënnen zu engem abordabelem Loyer verlount ginn - vun haut 2 op 20 Prozent eropgeet. Dann wier een an enger Situatioun, wou de Staat och kéint gezielt Afloss um Logementsmarché hunn an zwar op alle Wunnengen an op alle Präisser, an net just den Ëffentlechen.

Geziilt entlaaschten a punkto Steieren

Bei de Steiere kéint een net einfach, wéi d‘CSV et fuerdert, d‘Steiere fir d‘Leit erofsetzen. Dat wier déi Politik, déi eis virun 10 Joer an d‘Laberente bruecht hätt, sou den Invité. 2013 hätt een d‘Steier-Lächer missen zoumaachen, well zum Beispill d‘TVA um Elektroneschen, ronn 1 Milliard Euro, ewech gefall ass.

Konkret bräicht et awer geziilt Entlaaschtungen. Zum Beispill wëllen déi Gréng Ongerechtegkeeten am Steiersystem aus der Welt schafen. Déi aktuell dräi Steierklasse soll een ofschafen an doraus eng maachen. Dann soll do méi progressiv, spréch kleng a mëttel Salairen, entlaascht ginn. Bis zu dräimol de Mindestloun. Donieft soll och eng TVA-Reduktioun op Bio-Liewensmëttel kommen.

Et bräicht een natierlech och ee Géigefinanzement an dat soll zum Beispill duerch eng Verméigenssteier geschéien. Engersäits solle ganz héich Revenue besteiert gi mat zwou Ausnamen, nämlech um Eegenheem an op ee Fräibetrag vun enger Millioun Euro. Anerersäits soll d‘Kapital méi besteiert ginn, wéi d‘Aarbecht.

Eng "Familljen-Aarbechtszäit" schafen

Keng pauschal Aussoen, déi gutt klengen, mee eppes wat Sënn mécht, proposéieren déi Gréng a punkto Aarbechtszäit. Grad bei de Famillje mat Kanner misst entlaascht ginn, dofir wéilt een iwwer eng „Familljen-Aarbechtszäit“ dofir suergen, dass grad wann d‘Kanner kleng sinn, d‘Eltere kënne manner schaffen. De Congé parental an den Congé pour raisons familiales solle flexibiliséiert ginn an de Benevolat gestäerkt ginn.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.