"All Net-Upassung vum Steierbarème un d'Inflatioun ass eng Steiererhéijung"

En Donneschdeg de Moien war d'Upassung vun der Steiertabell Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Steierbarème misst u sech reegelméisseg an am Beschten automatesch un d’Inflatioun ugepasst ginn, esou ewéi et an de 90er Joren de Fall war. "All Net-Upassung ass u sech eng verstoppte Steiererhéijung", sou den Direkter vun der Chambre des salariés, de Sylvain Hoffmann, en Donneschdeg de Moien hei op RTL. D'Upassung vum Barème un 2,5 Indextranchen d’nächst Joer, sou ewéi d'Regierung et mat de Sozialpartner op der Tripartite Ufanks Mäerz decidéiert huet, wier ze begréissen. An hirem Avis zum entspriechende Gesetztext huet d’Chambre des salariés awer ze Bedenke ginn, datt u sech aacht Indextranchen déi lescht Joren net ugepasst goufen.
D’Finanzministesch Yuriko Backes huet déi lescht Méint awer puer Mol widderholl: d’Barèmen un aacht Indextranchen upassen, dat géing méi ewéi 1 Milliard Euro manner Recettë fir de Staat bedeiten an dat wier "irresponsabel". Den Direkter vun der Salariatskummer, de Sylvain Hoffmann huet geäntwert, et wier och irresponsabel a Krisenzäite méi ze besteieren, andeems een d’Barèmen net upasst. An: "t’ass natierlech effektiv esou, wann een et laang komme léisst, da gëtt et méi deier. Dofir wéi gesot, misst een dat reegelméisseg maachen an da gëtt et net op engem Coup esou deier."
Steierkredit erfëllt Versprieche net
Kritik gëtt et dann och géigeniwwer dem Steierkredit, dee retroaktiv op den 1. Januar dëst Joer ass an enger Upassung vun zwou Indextranchë soll entspriechen. An hirem Avis huet d’Chambre des salariés geschriwwen, datt d’Leit mam Steierkredit um Enn net den Equivalent vun enger Upassung vum Barème un zwou Indextranchë kréien. De Sylvain Hoffmann huet erkläert, de Steierkredit wier schlecht kalibréiert, well en op d’Steierklass 1 géing baséieren. Souguer an där Klass géing et "net richteg klappen", mee virun allem Leit an der Steierklass 1A (gescheete Leit oder Wittfraen a -Männer) kéime méi schlecht ewech, ewéi wann de Barème un zwou Indextranchen ugepasst géing ginn.
Dobäi kéim nach, datt d'Solidaritéitssteier vergiess gi wier an deemno d'Leit no den Indextranchë méi vun där misste bezuelen. D'Leit "séier an einfach entlaaschten", esou wéi d’Regierung et wollt "ass warscheinlech net ganz einfach", huet de Sylvain Hoffmann zouginn. Trotzdeem hätt een a sengen Ae kënnen e "fine-tuning" maachen (am Detail besser ofstëmmen) oder et hätt een amplaz vum Steierkredit awer eng retroaktiv Upassung vum Barème kënne maachen.
Asozial Upassung?
De Sylvain Hoffmann huet zouginn, datt am Géigesaz zum sozial gestaffelte Steierkredit, deen op der éischter Tripartite d’lescht Joer decidéiert gi war an am Abrëll dëst Joer op en Enn komm, eng einfach Upassung vum Barème besonnesch héisch Revenuë méi entlaascht. De Sylvain Hoffmann huet awer och betount, datt mëttel Revenuen am meescht profitéiere géingen, well d’Progressivitéit (d’Hausse vun den Taux’en vun Tranche op Tranche am Barème) tëscht 11.000 a 50.000 Euro Brutto d’Joer am stäerksten ass.
Donieft géing d’Chambre des salariés net midd ginn, e méi gerecht Steiersystem ze fuerderen. "Dat geet beim Barème effektiv un, wou ee muss déi Tranchen ënne méi breet maachen an no Uewen zéien, fir datt do eng Entlaaschtung kënnt an Uewen Taux’en bäisetzen", sou den Direkter vun der CSL. Dat géing awer net duergoen: Kapitalerträg géinge manner besteiert ginn ewéi de Loun a "scho guer net ze schwätze vum Patrimoine, deen zu Lëtzebuerg praktesch guer net besteiert gëtt."
Spillt d'Regierung op Zäit?
Bal zwee Méint no der Tripartite war de Steierkredit nach keen Thema an der zoustänneger Spezialkommissioun vun der Chamber. An der Wochenzeitung d'Land gouf d'Fro opgeworf, ob d'Regierung net bewosst géing op Zäit spillen. Well am Oktober sinn d'Chamberwalen a wat de Steierkredit méi spéit kënnt, wat d'Leit méi op engem Coup kréien. Op déi Fro huet de Sylvain Hoffmann just geäntwert et wier "gutt, fir dat esou séier ewéi méiglech ze stëmmen". Vill Leit hätte Problemer a vill Leit hätte sech scho bei de Gewerkschafte gemellt.
Den DP-Deputéierten a President vun der Spezialkommissioun, de Gilles Baum, huet op Nofro hin deklaréiert: "Ech gesinn do absolut keng Rechnung oder schlecht Intentioun dran." Hien huet erkläert, datt d'Kommissioun schonn Erklärunge vum Finanzministère a vun der Steierverwaltung kritt hätt an een elo op den Avis vum Staatsrot géing waarden. A sengen Ae kéint deen e Freideg virleien, soss no der Vakanz. Ouni den Avis kéint hien net mat senger Aarbecht virufueren, esou de Gilles Baum.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.