DP-CSV an der Stad hunn "Häerz aus Äis" an en "déifgefruerent Gehier"
E Freideg de Moie waren d'Gemengewalen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Den DP-CSV-Schäfferot an der Stad Lëtzebuerg hätt en "Häerz aus Äis", elo hätte se souguer en "déifgefruerent Gehier", esou den David Wagner vun déi Lénk e Freideg de Moien hei op RTL. Beim Co-Spëtzekandidat vun déi Lénk an der Stad huet sech a sengen zwee Joer politescher Paus offensichtlech vill Kritik un der Politik an der Stad opgestaut. Besonnesch a puncto Sécherheetspolitik, respektiv wéinst dem Versuch, d’Heeschen ze verbidden.
D’Stad Lëtzebuerg wollt jo d’Heeschen am Dag an op verschiddene Plazen an der Stad verbidden. Géint den "Nee" vum Inneministère huet de Schäfferot e Recours annoncéiert. Den David Wagner huet der DP an der CSV "Demagogie" virgeworf. "Wann een ufänkt, géint déi Allerschwächst an eiser Gesellschaft ze goen, just fir e puer Wielerstëmmen ze fänken, (...) do si puer Grenzen iwwerschratt", sou de Politiker vun déi Lénk. Den Heescheverbuet wier ëmsou méi "moralesch" verwerflech, wann ee géing "feststellen", datt d’Leit, déi am Gemengerot d’Soen hunn, "privilegiéiert" a "räich" Leit oder souguer "politesch an ekonomesch Ierwen" wieren. Op d’Remark, datt ee Leit, déi sech onsécher fillen, net kéint soen, ewéi se sech ze fillen hunn, huet den David Wagner deklaréiert, hie wier als Stater "Dausend Mol" scho vun Heescherten eppes gefrot ginn, mee nach ni ugegraff ginn. D’DP an d'CSV géingen Heescherten a Leit, déi ugräifen, matenee vermëschen. Hien huet och a Fro gestallt, ob wierklech "al Bomien" all ëmmer esou séier Angscht hunn. Hie wier op jiddwer Fall léiwer net an der Situatioun vun engem Heeschert. Et misst een "Aarmut bekämpfen an net déi Aarm". Den Heescheverbuet an déi privat Patrulle wieren "topeg Saachen, déi illegal sinn".
Logement a Mobilitéit
Eng Sécherheetsfro wier fir déi Lénk den Trafic. Den David Wagner huet begréisst, datt antëscht déi meescht Parteie fir méi ëffentlechen Transport wieren. Ee vun den aacht Punkten am Programm vun déi Lénk wier dann awer e generellen Tempolimitt vun 30km/h. "Natierlech just do, wou et Sënn mécht".
A puncto Logement géing den David Wagner "deem heite Schäfferot iwwerhaapt näischt méi gleewen." Et géing de strikte Minimum gebaut ginn an et misst ee sech froen, wien iwwerhaapt déi deier Wunnengen nach keeft. A sengen Aen misst d’ëffentlech Hand ganz staark agräifen, esou wéi zum Beispill zu Wien, wou op d’mannst en Drëttel vun de Wunnengen dem Staat gehéieren.
"Nees alles an d’Rei setzen"
Déi Lénk wéilten an der Stad net "alles op d’Kopp" geheien, mee "nees alles an d’Rei setzen", sou nach den David Wagner. Hien huet och gemengt, datt déi Lénk et "verdéngt" hätten, bei de Gemengewalen am Juni hir Zuel u Sëtz um Knuedler vun zwee op véier ze verduebelen. No déi Gréng – déi hie fir hir Aarbecht gelueft huet – wieren déi Lénk a sengen Aen am aktiivste gewiescht déi lescht Joren. D’LSAP, déi hätt a sengen Ae kënne méi maachen.
Den David Wagner sot dann och, iwwert de Rotatiounsprinzip bei déi Lénk géing et wéineg Diskussiounen an der Partei ginn. Hien huet am September 2020 Plaz am Gemengerot fir d’Anna Correia Da Veiga gemaach a viru genee zwee Joer säin Deputéiertemandat un d’Nathalie Oberweis weiderginn. Seng zwee Joer Paus hätten de Virdeel, datt hien hätt nees kënnen en normaalt Liewe féieren a studéiere goen. Iwwerdeems hie sech bewosst manner an der Ëffentlechkeet gemellt huet, hätt hien awer weider intern vill an der Partei matgeschafft.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.