E Mëttwoch de Moie waren d'Erausfuerderunge vum jonken Handwierk Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Déi aktuell Kris stellt sech aus ville Facetten zesummen. All Betrib hätt u sech aner Problemer, mä schlëmm ass et sécher am Bau, an do hänke ganz vill Handwierksbetriber drun. Dat sot de Charel Roemen de Moien um RTL-Mikro.
Den neie President vum jonken Handwierk wëll déi jonk Patronen aus dem Handwierk méi no beienee bréngen. Den Echange wier ganz interessant a lieweg, well een net beruffsgebonne wier. Problemer kéinten ugeschwat ginn.

D'Situatioun fir den Handwierker wier sécher keng einfach, dat wirtschaftlecht Ëmfeld wier immens komplizéiert ginn. Et misst ee schonn aus enger richteger Passioun eraus selbstänneg ginn, och wann d'Ëmfeld wierklech net kamoud wier.
D'Chiffere vun 2022 géife weisen, dass et an de Beräicher vun der Industrie an der Mecanique effektiv e Réckgang vun de Betriber gouf.

D’jonkt Handiwerk wënscht sech vun der Politik eng besser Kommunikatioun, dat esouwuel national wéi och op kommunalem Niveau.
Wat d'Iddi vun enger Aarbechtszäitverkierzung ugeet, freet sech de Charel Roemen, wéi een an Zäite vun Multi-Krisen op esou eng Iddi kënnt. Méi flexibel Aarbechtszäiten, do wier een éischter mat, wéi ze soen, "komm mer schaffen manner".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.