Haaptprioritéit vun der Stater LSAP: abordabele Wunnraum schafen
En Donneschdeg de Moie waren d'Gemengewalen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Mir hunn eng ganz divers Lëscht mat villen neie Gesiichter, mä et geet jo haaptsächlech ëm eis Iddien, déi mer wëllen ëmsetzen. Dat sot d’Maxime Miltgen en Donneschdeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun.
D’Co-Spëtzekandidatin vun der Stater LSAP fir d’Gemengewalen hofft, dass een den 11. Juni ka bäiwannen. An der Stad hätt een e "riisege Logementsproblem" an et misst nees méi Sozialpolitik gemaach ginn. Abordabele Wunnraum schafen, wier eng Prioritéit - 100 Milliounen € d’Joer sollen dodran investéiert ginn. Net just andeems nei gebaut gëtt, mä och andeems bestoend Wunnenge vun der Gemeng opkaaft an duerno zu soziale Präisser verlount ginn.
D’LSAP géif sech och derfir asetzen, dass de Regëster vun eidelstoende Wunnengen, deen och d’Regierung wëlles huet, sou séier wéi méiglech ëmgesat gëtt. Concernéiert Leit missten dann taxéiert ginn, an doduerch initiéiert, fir déi Wunnengen an d’Locatioun ze ginn. Punkto Sécherheet hält d'LSAP jo net vill vum Heescherteverbuet. Allgemeng misst een awer nees méi Liewen an d‘Quartieren erakréien. Och dat géing zum Sécherheetsgefill bäidroen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.