D’Awunner solle bei Projete gefrot ginn: "Wëllt Dir dat iwwerhaapt?"
E Freideg de Moie waren d'Gemengewalen an der Stad Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" mam Stater Kandidat vun der ADR.
D’ADR wëll, datt d’Stad Lëtzebuerg manner wiisst. D’Awunner an der Stad solle bei groussen Immobiliëprojete gefrot ginn: "wëllt Dir dat iwwerhaapt?". Dat huet den ADR Co-Spëtzekandidat an der Stad, den Alex Penning, e Freideg de Moien hei op RTL erkläert. Deemno sollen a sengen Aen d’Leit nach emol gefrot ginn, ob d’Projeten ewéi zum Beispill um Kierchbierg, op der Porte de Hollerich oder nach op der Stäreplaz tatsächlech solle realiséiert ginn. D’Biergerbedeelegung beim Ausschaffe vun de Bebauungspläng ginn dem Alex Penning net duer.
Ier méi gebaut gëtt, sollen dem ADR-Politiker no Mol als éischt eidel Wunnenge mobiliséiert ginn. Fir d’ADR sollen och d’Awunner vun de Gemenge Prioritéit hu fir Wunnengen ze kréien. Op d’Remark, datt dat net Verfassungskonform kéint sinn, sot den Affekot, datt et jo Krittäre gëtt, déi d’Leit mussen erfëllen, wa se eng Sozialwunneng froen. D’Gemeng hätt a sengen Aen de Pouvoir, fir ze decidéieren, d’Krittäre festzeleeën.
D’Liewensqualitéit misst am Mëttelpunkt stoen.
Riskéiert d’Land net enorm Problemer ze kréien, wann all Gemeng decidéiert, manner ze wuessen? Den Alex Penning huet hei deklaréiert, et misst ee Mol déi Wuesstemsdebatt féieren, mee an engem anere Sënn ewéi déi lescht Joerzéngten. D’Land misst a sengen Aen manner attraktiv ginn, net fir datt d’Land net méi wiisst, mee manner wiisst. Eng Erhéijung vun der Gewerbesteier an der Stad, fir zum Beispill manner Aarbechtsplazen an der Stad ze hunn, géing d’ADR ausschléissen.
Wat d’Lutte géint d’Kriminalitéit ugeet, misst d’Gesetz iwwert eng "interdiction de territoire" méi applizéiert ginn, fuerdert den Alex Penning. An der Haaptsaach seet hien, wieren Net-Lëtzebuerger d’Täter. An een deen d’Gesellschaft an eis Reegelen net respektéiert, dee misst nees zeréck a säi Land.
Nom Interview huet den Alex Penning ons nach matgedeelt, datt d’ADR 2 Sëtz am Stater Gemengerot géing upeilen. D’ADR hat 2017 ee Sëtz kritt. Well d’Marceline Goergen der Partei awer de Réck gedréint huet, huet d’ADR am Moment keen am Gemengerot um Knuedler sëtzen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.