Themen Aarmut an Inegalitéite sinn am Walkampf "vernoléissegt" ginn
E Freideg de Moien huet sech villes ëm de soziale Beräich an de Lëtzebuerger Gemengen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" gedréint.
D'Themen Aarmut an Inegalitéite sinn am Walkampf, am grousse Ganze "vernoléissegt" ginn. Dat huet d’Carole Reckinger vun der Caritas e Freideg de Moien hei op RTL bedauert. Wann d’Parteien – laut hire Sloganen – wëlle "méi no bei de Leit sinn" oder eng méi "liewenswäert" Gemeng hunn, da misst dat och fir jidderee gëllen.
Déi an der Mëtt wësse awer kaum, wéi et bei deene ganz Aarmen an deene ganz Räichen ausgesäit, sou d’Carole Reckinger. An dat géif een och an de Walprogrammer en vue vun de Gemengewalen dëse Sonndeg gesinn. Dobäi géing et an hiren Ae e Malaise ginn. D'Ongläichheete géinge wuessen an ëmmer méi Leit géingen net méi iwwert d’Ronne kommen, och wa se eng Aarbecht hunn. Déi sozial Kohesioun wier um Spill an dat an der ganzer Gesellschaft. An hiren Ae wieren d'Inegalitéiten zum Beispill och den Ursprong vun der Kriminalitéit. Méi Police géing dem Problem just hannendru lafen.
Eigentlech missten hirer Meenung no "d'Alarmklacke lauden" zum Beispill am Logement, wou d’Gemengen eng wichteg Roll spillen. Iwwerdeems et 3% abordabel Wunnenge géingen am Land ginn, wieren 20% vun de Leit dem Aarmutsrisiko ausgesat. Deen "Delta" wier grouss.
Op Programmer vu Gemengen ewéi d’Stad Lëtzebuerg ugeschwat, wou deenen Äermsten an der Gesellschaft eng Wunneng zur Verfügung gestallt gëtt – Stéchwuert "Housing first" - sot d’Carole Reckinger dat misst verbessert ginn. Zum Beispill misst et en Accompagnement ginn a virun allem wier et keng Léisung, wann een 10 aarm Leit an eng Wunneng ënnerbréngt.
D’Carole Reckinger huet dann zwar begréisst, datt déi meescht Parteien d’Offices Sociauxe wëllen opstocken. Mä et wier wichteg ze soen, de fundamentale Problem net geléist wier, wann een ëmmer méi Leit an de Sozialämter hätt.
Eng Walempfeelung wollt d’Carole Reckinger vun der Caritas net maachen. Et wier un de Leit, d’Programmer ze kucken a fir sech selwer ze decidéieren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.