E Méindeg de Moien war eng live Table ronde um Radio mat Vertrieder vun den eenzele Parteien.

Wat bedeiten all déi Resultater vun de Gemengewalen? Wat soen se aus, am Virfeld vun de Chamberwalen am Oktober?

Mir hunn dat de Méindeg de Moie live an enger grousser Ronn mat Responsabele vun de verschiddene Parteien diskutéiert.

E Plus vu 26 Mandater konnt d’DP verbuchen. Dat stëmmt een houfreg, sot d’Carole Hartmann. Dass ee méi Verantwortung an de Gemenge soll huelen, wier e klore Message.

De Claude Wiseler sot sech ganz zefridde mat der Performance vun der CSV. Et hätt ee sech stabiliséiert op engem héijen Niveau. No schwierege Jore parteiintern wier et kloer, dass mat enger CSV weider ze rechne wier.

D’Sozialisten hunn d’Wale gutt ofgeschloss, seet d’Françine Closener, mat 5 absolutte Majoritéiten. A ville Gemenge wier op e Renouveau gesat ginn, an dat hätt sech ausbezuelt. T’géif zousätzlech Motivatioun gi fir den Hierscht.

Am meeschte verluer, landeswäit gesinn, hunn Déi Gréng. Dat wéilt een och net schéi rieden, sot d’Djuna Bernard, och wann een an eenzele Gemenge gestäerkt gouf. Déifferdeng mat engem Minus vun iwwer 20% géif wéi doen. Gréng Sujete wiere bestëmmt net ëmmer kamoud, wat ee vun de Grënn kéint si fir de Verloscht. Trotzdeem wier ee kämpferesch fir den Oktober. Decouragéiere loosse géif ee sech net.

E Plus vun 10 Mandater an de Proporzgemengen ass et fir d’Piraten. Dat géif een houfreg stëmmen, seet de Marc Goergen. T’wier een amgaang d’Partei opzebauen, an eng anstänneg Oppositiounsaarbecht géif sech domadder ausbezuelen.

E ganz mitigéierte Bilan zitt d’Carole Thoma fir Déi Lénk. T’géif ee gesinn, dass et en nationale Riets-Ruck gouf, wat et deene Lénke ganz schwiereg géif maachen. Déi reell Enjeue fir eis Gesellschaft wéilt een nach méi kloer definéieren, en vue vun de Chamberswalen. T’wier een iwwerzeegt, dass vill etabléiert Parteien net déi richteg Äntwerten hätten op grouss sozial-gesellschaftlech Froen.

Iwwerall wou mer ugetruede sinn, hu mer gewonnen. Dat huet soss keng Partei fäerdeg bruet, huet sech de Fred Keup gefreet. Eng méi realistesch Politik wier gestäerkt ginn, obwuel d’Gemengewale bis ewell net d’Spezialitéit vun der ADR war. T’hätt een de Courage gehat, Sujeten unzeschwätzen, déi anerer sech net getraut hätten.

Realistesch ageschat hätt ee vun Ufank un dat wat méiglech wier, sot de Marc Ruppert. Et wier een eng éischte Kéier als Fokus ugetrueden, mat alternativen Iddien, a virun allem bei den Eenzelstëmmen hätt ee gesinn, dass ee vill gewielt gouf. Den Challenge wäert et fir d’Zukunft ginn, d’Leit ze iwwerzeegen, d’ganz Lëscht unzekräizen.

An de Studio invitéiert sinn:

  • Carole Hartmann (DP-Generalsekretärin)
  • Claude Wiseler (CSV-Co-President)
  • Francine Closener LSAP-Co-Presidentin)
  • Djuna Bernard (Co-Presidentin déi Gréng)
  • Fred Keup (ADR-President)
  • Marc Goergen (Coordinateur Piraten)
  • Carole Thoma (Co-Spriecherin déi Lénk)
  • Marc Ruppert (President Fokus)

D'Table ronde um Radio fänkt no den Neiegkeete vun 8 Auer un an dauert bis 9.