"Mir sinn erstaunt, dass d'Vegetatioun elo schonn ënnert der Dréchent leit"
De President vun der Bauerenzentral war e Mëttwoch de Moien den Invité vun der Redaktioun.
Et geet an eng Richtung, déi ons ze denke gëtt. Dat sot de Christian Wester e Mëttwoch de Moien um RTL-Mikro. Sou schlëmm wéi zejoert wier et awer nach net. Et misst een elo ofwaarden, wéi d'Wieder déi nächst Deeg a Woche gëtt.
Mat Gen-Technik géint de Klimawandel
Sinn d'Bauere gutt genuch op de Klimawandel preparéiert? Dat wier schwéier ze soen. Et hätt een eng Ertragsausfall-Versécherung fir Extremer opzefänken, mä dës géing op enger Moyenne vun den Nidderschléi vun de leschte 5 Joer gerechent ginn. Wann dat awer ëmmer manner gëtt, misst een d'Strategie do upassen. Grad op europäeschem Niveau géing ee sech méi Kloerheet wënschen, wat d'Methode fir ze Ziichten ugeet. Dës kéinten hëllefen, fir Progrèsen ze maachen, fir Zorten ze ziichten, déi besser mat den Extremer eens ginn. Grad d'Politik misst do zu Bréissel intervenéieren, dass d'Gen-Schéier net an d'Reglementatioun vun der Gen-Technik fält, mä als normal Ziichtungsprozedur ugesi gëtt. Da kéint ee méi séier virukommen. Donieft bräicht et an deem Beräich méi Fuerschungsprojeten.
D'Inflatioun bleift och fir d'Baueren e Problem
Zejoert huet d'Inflatioun op dProduktiounskäschte vun de Bauere geschloen. Mëttlerweil géing d'Präisdeierecht awer anescht zu Buch schloen. De Konsument verléiert u Kafkraaft an him geet d'Geld aus, fir verschidde Produiten ze kafen. Dat trëfft d'Baueren zu Lëtzebuerg, well hei éischter méi deier Liewensmëttel produzéiert ginn. D'Marge géif also ëmmer méi kleng ginn, sou de Christian Wester vun der Bauerenzentral. Et kéint een net ëmmer no der Politik jäizen fir Léisungen. Et misst een natierlech d'Inflatioun an de Grëff kréien, mä gläichzäiteg bräicht et e Mentalitéitswiessel bei de Leit, fir méi lokal a regional Produkter ze kafen, fir d'Landwirtschaft ze stäerken.
Konsequenz vum Klimawandel: Wëldschued
E weidere Problem wier de Wëldschued. Dee wier am large Sënn och eng Konsequenz vum Klimawandel, well duerch déi méi douce Wanteren d'Wëldbestänn net méi sou staark reduzéiert ginn. Do misst de Mënsch regulatoresch intervenéieren, notamment mat Klappjuegten. Et feelen déi Déieren, déi fréier d'Wëldbestänn op natierlech Aart reduzéiert hunn a soulaang de Wollef net do wier, misst de Mënsch intervenéieren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.