Mir perséinlech fält et schwéier, eng Analyse vum Resultat vun enger anerer Partei ze maachen.

E Lokalpolitiker muss awer no bei de Leit sinn, an nolauschteren. Vläicht war dat dem Emile Eicher säi Problem, dass en ze vill Mandater hat, an d'Leit wollten elo en Zeechen setzen an hunn hien ofgewielt. Dat sot de Georges Keipes e Freideg de Moien am Interview op RTL.

Hien wäert jo neie Buergermeeschter zu Clierf ginn, a léist deemno de Syvicol-Preident Eicher of, deen awer 1. Schäffen gëtt.

Firwat mat der CSV an net der DP?

Et hätt ee Sondéierungsgespréicher geféiert, souwuel mat der CSV wéi och mat der DP. Schlussendlech huet ee sech aus verschiddene Grënn fir d'CSV deidéiert. Mat der CSV hätt een déi meeschte programmatesch Schnëttpunkten an eng méi stabil Koalitioun mat 7 vun am Ganzen 11 Sëtz am Gemengerot. Zweetens wéilt een dem Emile Eicher seng laangjäreg Erfarung mat derbäi hunn an schlussendlech wieren déi dräi Éischtgewielt vun der Biergerlëscht elo am Schäfferot vertrueden.
Kéint een de Wieler mat der Koalitioun Biergerlëscht-CSV net virun de  Kapp stoussen, well eng CSV mat -12 Prozentpunkten däitlech ofgestrooft gouf? Dat mengt de Georges Keipes net. Zesummen hätten d'CSV an d?Biergerlëscht iwwer 60 % vun de Stëmmen zu Clierf kritt an et wier net falsch, op Erfarung an Erneierung ze setzen.

Wat steet an de nächste 6 Joer um Programm?

Aktuell hätt d'Gemeng Clierf 77 Projeten um Programm. Prioritär wier elo ënner anerem en eenheetleche Site fir d'Clierfer Gemengeverwaltung ze fannen, de Site vun der kommunaler Schwemm zu Klierf nees ze revaloriséieren zum Beispill mat engem Attraktiounspark mat verschiddenen Offeren, wéi zum Beispill enger Jugendherberg an anere Fräizäitaktivitéiten. Donieft géing de Reiler Schoulcampus ausgebaut ginn. Dat wier een milliounenschwéiere Projet, wéi Clierf en nach ni gesinn huet an op déi Plaz soll eng Schwämm kommen, fir dass d'Kanner net ëmmer op Housen musse fueren.

Invité vun der Redaktioun: Georges Keipes

Dass den ADR zu Klierf elo an de Gemengerot anzitt, mécht dem Georges Keipes keng Suergen. Dat wier de Wielerwëllen an dat géing hie respektéieren. Fir sech selwer schléisst de 35 Joer ale Buergermeeschter iwweregens aus, dass et an déi national Politik geet. Hie géing Klierf komplett erhalen bleiwen, sou den Georges Keipes.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.