"Etüd weist, dass Schoulbicher net d’Realitéit rëmspigelen"
Mat der Fuerscherin vun der Uni Lëtzebuerg hu mir en Dënschdeg de Moien doriwwer geschwat, wéi Geschlechter an de Schoulbicher duergestallt sinn.
"Et si vill méi männlech Personnagen duergestallt wéi weiblecher. Et gëtt deemno eng gréisser Diskrepanz bei de Geschlechter, virun allem an de Geschichtsbicher". Dat sot d’Claire Schadeck en Dënschdeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun.
Fuerscherinne vun der Uni Lëtzebuerg hunn d’Unzuel un duergestallte Leit a Schoulbicher am Lycée bis 5ième analyséiert. Vun iwwer 60.000 Personnagen, déi gezielt goufen, sinn der just 20 Prozent weiblech. Obwuel dat an der Gesellschaft, also an der Realitéit, net esou ass. An de Geschichtsbicher wier et och net onbedéngt nozevollzéien, dass vun 11.000 Personnagë mol keng 2.000 weiblech sinn. Och wa méi historesch Personnagë männlech sinn, wier et net, wéi wa Fraen an der Vergaangenheet net do gewiescht wieren.
Wéi gi Männer a Fraen duergestallt?
Nieft der Unzuel vu Männer a Fraen gouf och gekuckt, wéi déi verschidde Geschlechter duergestallt ginn. Dobäi fält op, dass Fraen dacks mat deenen nämmlechte Beruffer virkommen, wärend Männer eng vill méi grouss Varietéit hunn. Bei de Jongen a Meedercher ass den Ënnerscheed par contre net esou grouss. Do géing ee mierken, dass Kanner einfach déi nämmlecht Aktivitéite maachen a sech dat am Erwuessenenalter verännert, obwuel et an der Gesellschaft keen esou e frappanten Ënnerscheed gëtt.
D'Stereotyppe-Verzerrung wier deemno eng Realitéit. Mer hätten den Usproch op eng gläichberechtegt Gesellschaft. Ma an de Schoulbicher wieren d’Fraen an d’Meedercher awer ebe staark ënnerrepresentéiert. Just am Engleschen hätt een e positiivt Resultat festgestallt, wat awer och dorunner géing leien, dass déi englesch Sprooch per se neutral Begrëffer huet.
Eng eenheetlech Form vun inklusiver Sprooch wier wichteg, fir dee Problem ze léisen, esou d'Claire Schadeck, Co-Autrice vun der Etüd.
Mat de Donnéeë kann elo konkret geschafft ginn
An de Programmkommissiounen géif schonns mam éischten Deel vun der Etüd geschafft ginn, wat d'Uni Lëtzebuerg géing begréissen. D'Fuerscherinne wieren och oppen, fir mam Léierpersonal um Terrain ze schwätzen an si ze beroden. An enger nächster Phas gëtt an de Konklusioune vun der Etüd, déi vun der Fondation Losch finanzéiert gouf, ënnert anerem eng obligatoresch Formatioun vum Léierpersonal gefuerdert. Aktuell géing ee mat Offeren nämlech éischter déi Leit erreechen, déi sech souwisou scho fir d'Thema interesséieren.
D'Claire Schadeck ass sech bewosst, dass net vun haut op muer all d'Schoulbicher kënne geännert ginn, dat wier och guer net d'Zil, huet si betount. Mee och mat den aktuelle Bicher kéint een am Cours allgemeng méi sensibel mam Thema ëmgoen, wann e Bewosstsinn dofir do ass.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.