En Mëttwoch de Moie war d'Lëtzebuerger Fongenindustrie Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D’Lëtzebuerger Fongenindustrie ass mat méi ewéi 5.000 Milliarden Euro ënner Gestioun déi zweetgréisst weltwäit. A se dréit zu ronn 10 Prozent vun de Staatsrecettë bäi. Allerdéngs huet se iwwert ee Joer 6% Prozent u Verméigen agebousst, wéinst dem Krich an der Ukrain, der Inflatioun an den héijen Zënsen, sou de Camille Thommes e Mëttwoch de Moien hei op RTL. Hien ass Direkter vun der Associatioun vun der Lëtzebuerger Fongenindustrie (ALFI), déi dëst Joer 35 Joer feiert. Ofgesi vun der allgemenger wirtschaftlecher Instabilitéit géing et awer och hausgemaache Problemer ginn an de Camille Thommes hat entspriechend Messagë fir d’Politik.

Invité vun der Redaktioun: Camille Thommes

D’Situatioun vun de Fongen ass an den Ae vun der ALFI hei am Land duerchwuess. Verschidde Segmenter vun der Industrie géinge wuessen, notamment am Beräich vun den alternative Fongen. Am traditionelle Geschäft géing ee par contre "vum Stock" liewen. Irland géing ëmmer méi zur Konkurrenz ginn, sou de Camille Thommes. Hie wéisst - genee ewéi de Finanzministère - datt d’Léisunge komplex sinn, mee hien huet se widderholl: et misst een Efforte bei der Taxe d’abonnement a bei den Duebel-Besteierungsaccorde maachen. D’Fonge missten nämlech mat extrem niddrege Betribskäschte kënne funktionéieren: well se manner aarbechtsintensiv sinn, géing all hallwe Prozentpunkt den Ënnerscheed maachen.

De Camille Thommes sot "et kënnt vir", datt Membere vun der Fongenassociatioun soen, et géing zu Lëtzebuerg och eng ze streng Kontroll ginn. Den Direkter vun der ALFI ass och selwer der Meenung, datt d’Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz (CSSF) méi streng ass ewéi Autoritéiten am Ausland. Mä dat hätt och Virdeeler, sou de Camille Thommes. Et géing méi Stabilitéit bedeiten, den Investisseur schützen a Lëtzebuerg kéint sech als klengt Land kee gréissere Skandal leeschten.

D’geopolitesch Entwécklunge kéinten iwwerdeems d’Klimakris heiansdo bëssen an den Hannergrond réckelen. Den Direkter vun der ALFI ass awer trotzdeem der Meenung, datt d’Fongen de Wëllen hätten, fir weider op de Wee ze goen, fir d’Energietransitioun ze maachen. De Camille Thommes sot och, d’EU Kommissioun géing jo op se zielen. Ëmmerhi wieren all Joer zousätzlech 700 bis 1.200 Milliarden Euro Invest néideg, fir d’Klimaziler ze erreechen.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.