Et kéinte méi Tensiounen tëscht Creancieren an Debiteure ginn
En Donneschdeg de Moie waren d'Dierwiechter Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Bei den Dierwiechter ass d'Zuel un Dossiere vu Leit, déi eng Rechnung oder e Loyer net bezuelt hunn, trotz der héijer Inflatioun bis ewell net an d'Luucht gaangen. Dat sot de President vun der Chambre des huissiers, de Carlos Calvo, en Donneschdeg de Moien hei op RTL. Scholde géing et och ëmmer ginn oder Leit, déi eng Rechnung vergiessen ze bezuelen. A Krisenzäite géing dat wuel zouhuelen, mee et géing och eng Zäit brauchen, bis en Dossier beim Dierwiechter läit.
Et kéint een net soen, datt méi Dossiere bei him gelant wieren. Hien hätt awer festgestallt, datt et bei den Independanten an am Handwierk effektiv zanter puer Méint net sou gutt geet, sou de Carlos Calvo. Et wier extreem wichteg, datt de Creancier och säi Geld kritt: "huelt einfach emol eng Baufirma, déi op Sue waart an d'Suen net erbäi kritt, déi honnert Mann agestallt huet, déi dann hir eege Rechnung net ka bezuelen, hir eegent Personal net ka bezuelen, dat kann dramatesch Konsequenzen hunn." D'Creanciere géingen doduercher méi aggressiv ginn, iwwerdeems op der anerer Säit den Debiteur méi lues géing maachen. "Dat ass e Problem an dat gëtt warscheinlech och e Problem an Zukunft", sou den Huissier.
"Net fir een an net géint een"
Bis den Huissier mat Schlässer a Polizist virun der Dier steet oder d’Dier opbrécht, fir Miwwelen opzeschreiwen oder et zu enger forcéierter Stee kënnt, dauert et laang. De Carlos Calvo huet am Interview en Donneschdeg de Moien erkläert: Et gëtt eng Phas, iert et geriichtlech gëtt. Wa bis eng Prozedur lancéiert ass, kann nach ëmmer eng Léisung fonnt ginn. No engem Urteel kann een nach an Appell goen. An duerno ginn et nach kloer definéiert Delaien, an deenen den Huissier mam Debiteur eng Léisung fanne kann. Den Dierwiechter wier 2net fir een an net géint een". En hätt och eng sozial Aufgab a géing ëmmer probéieren, duerch Verhandlungen eng Léisung ze fannen, bei där "jiddereen zu sengem kënnt".
"Verstëbste" Code fir Saisien
De Carlos Calvo huet och déi geplangte Reform begréisst, déi eng zousätzlech Formatioun fir d’Huissiere virgesäit, mat och Coursen a Psychologie a Mediatioun. De President vun der Chambre des huissiers huet op der anerer Säit bedauert, datt den neie Code de procédure civile nach ëmmer "verstëbst" wier. Do stéing beispillsweis nach dran, datt ee ka Botte Stréi saiséieren oder Äppel. Saisien op d'Pai oder op Parten an enger Gesellschaft wiere par konter ganz komplizéiert.
D'Chambre des huissiers hätt scho mat der Justizministesch Sam Tanson doriwwer geschwat an hir e "Code mondial de l’éxecution digitale" geschéckt, deen de Weltverband vun den Huissieren ausgeschafft huet. De Carlos Calvo hofft, datt d’Ministesch sech dorunner inspiréiert an hien hofft, "datt geschwënn eppes kënnt".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.