Certificat de Virginité: "Mir ënnerstëtzen esou eppes net als Gesellschaft"
E Méindeg de Moie war d'sexuell Gesondheet Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Beim Planning Familial melle sech e Grapp voll Fraen am Joer, fir e sougenannten Certificat de Virginité ausgestallt ze kréien. Ma och wann et just wéineg Ufroe gëtt, wier et wichteg, als Gesellschaft däitlech ze maachen, dass mir esou eppes net ënnerstëtzen. Dat huet d'Presidentin vum Planning Familial e Méindeg bei eis op der Antenne betount. D'Ainhoa Achutegui war eis Invitée vun der Redaktioun.
De Planning Familial ënnerstëtzt domadder eng Petitioun, déi vu Privatleit lancéiert gouf an och schonn déi néideg Ënnerschrëfte krut, fir an der Chamber diskutéiert ze ginn.
D'Fraen, déi esou en Zertifikat ufroen, wieren a ganz ënnerschiddleche Situatiounen a géinge vun hire Famillen ënner Drock gesat ginn. De Planning Familial kéint déi néideg Berodung bidden, och um psychologeschen Niveau. Et géing och versicht ginn, mat de Famillen zesummen ze schaffen.
D'Ainhoa Achutegui huet nach präziséiert, dass och Dokteren zu Lëtzebuerg esou en Zertifikat an der Regel net ausstellen. Vum medezinesche Point de Vue wier de Zertifikat souwisou näischt wäert an aus sozialer Siicht ganz bedenklech.
Planning Familial fuerdert Reform vum Ofdreiwungsgesetz
E weidere Sujet mat eiser Invitée vun der Redaktioun war de Bilan vum Planning Familial vun zejoert. Déi liicht Hausse vu ronn 17 Prozent bei den Ofdreiwunge gesäit d'Presidentin Ainhoa Achutegui net als alarmant un, well d'Zuelen an de Pandemie-Jore liicht erof gaange waren. Et wier éischter en Zeeche vu gudder Opklärungsaarbecht.
An der Moyenne gëtt eng Schwangerschaft tëscht der 4. an der 5. Woch ofgebrach, wat relativ fréi wier, betount d'Ainhoa Achutegui. Dacks wiere sech d'Frae ganz sécher a géingen direkt bei de Planning Familial kommen, soubal si mierken, dass si ongewollt schwanger sinn.
De Planning Familial fuerdert trotzdeem, dass d'Limitt, bis déi dierf ofgedriwwe ginn, eropgesat gëtt. Dat well déi Fraen, déi sech réischt méi spéit dozou entscheeden, dacks an enger ganz schlëmmer Situatioun wieren, zum Beispill extrem jonk oder well si duerch eng Vergewaltegung schwanger gi sinn.
Beim Planning Familial géinge sech och ëmmer nees Leit mellen, déi net krankeverséchert sinn. An deem Fall géing vill mat Médecins Du Monde zesumme geschafft ginn. Dacks géing ee ganz prekär Situatioune gesinn.
En Vue vun de Chamberwale fuerdert de Planning Familial dowéinst, dass d'Ofdreiwungsgesetz reforméiert gëtt. D'Ainhoa Achutegui huet betount, dass dat aktuellt Gesetz schonn ee vun de liberaalsten an Europa ass. Et géing een an den Zuelen och gesinn, dass d'Opklärung gutt géing fonctionéieren. Ma um Terrain géing een awer mierken, dass verschidden Adaptatiounen néideg wieren.
De sexuelle Mëssbrauch ass an de Consultatiounen och en Thema. An deem Sënn fuerdert de Planning Familial eng Struktur, wou déi betraffe Persoune besser kënnen opgeholl ginn an déi néideg Ulafstellen all op enger Plaz regroupéiert sinn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.